search

/ Thomas Lentz: Optimistesch, datt de Sozialsecteur Léieren aus der Caritas-Affär zéie kann

FEDAS

|
reading time

1 min

headphones

13 min

play_arrow

Thomas Lentz: Optimistesch, datt de Sozialsecteur Léieren aus der Caritas-Affär zéie kann

Am Secteur hätt een d'Suerg gehat, datt een elo opgrond vun der Fraude vun 61 Millioune bei Caritas mat Oplagen a Reegelen zougeknuppt géif ginn, esou den Thomas Lentz. Deem wier awer glécklecherweis net esou.

reading time

1 min

headphones

13 min

play_arrow
Thomas Lentz, Generalsekretär vun der FEDAS, Federatioun vun den Acteure vum soziale Secteur zu Luxembourg | © Morgane Weidig
Thomas Lentz, Generalsekretär vun der FEDAS, Federatioun vun den Acteure vum soziale Secteur zu Luxembourg (Foto: Morgane Weidig)

Et hätt een zesumme mat de Ministèren elo e Protocole d’entente ënnerschriwwen. Dee géif zwar net virgesinn, datt sech d'Gesetzgebung ännert. Mee datt et zu enger Harmonisatioun bei de Prestatioune kënnt, erkläert den Thomas Lentz.

"Mir gi ganz optimistesch an déi Verhandlungen, och wann et extreem vill Aarbecht wäert ginn. A firwat, wouhier kënnt deen Optimismus? Dat Éischt ass, datt eis Demanden, respektiv déi Punkten, déi mir do geschwat hunn, net nei sinn. Awer dat anert Element, firwat datt mir ganz Optimist sinn, ass, datt déi zwou Parteien dee selwechten Interêt hunn." 

D'Zilrichtung wier déi selwecht an dofir wier een op Aenhéicht, esou den Thomas Lentz.

D'Gespréicher solle bis September dëst Joer lafen.

play_arrow Lauschteren