Et géif eppes kaschten de Fridden ze erhalen, esou de Chef vun der Lëtzebuerger Arméi am 100,7-Interview. Fir de Fridde bräicht een eng Arméi, déi capabel ass "allméiglechen Attacken" standzehalen, esou de Steve Thull.
"Ob se elo kommen oder net, ass manner d'Fro. Mee et muss een deenen, déi dat am Kapp hunn, eis eventuell eng Kéier ze attackéieren, determinéiert weisen, datt, wann et souwäit kënnt, datt dee schlecht Kaarten huet. An dann evitéiere mir, datt et iwwerhaapt eng Kéier esouwäit kënnt."
Net verschidde Staatsausgabe géint anerer ausspillen
Verschidde méi kritesch Presseartikelen haten no der Porte ouverte um Härebierg den 13. Juli geschriwwen, de Krich wier an deem Kader duergestallt ginn, wéi ee Grillfest, ee Spill, oder eng Show. Hie kéint deen Androck novollzéien wann een eenzel Fotoen ouni Kontext géif kucken, seet de Steve Thull. Deen Androck géif awer täuschen, sou de Chef vun der Lëtzebuerger Arméi. Et géif net drëms goen ze weisen, datt déi Leit déi déi verschidde Waffen an aner Militärapparater bedéngen, ganz seriö sinn. De Gros vum Retour vum Public wier och positiv gewiescht, d'Zaldoten hätten ee positiivt a professionellt Bild no bausse gedroen. Et sollt een och net déi verschidden Ausgabe géinteneen ausspillen. Et wier wicheg déi verschidde Problematike global unzegoen a se der Populatioun gutt ze erklären.