De Ben Polidori, Nord-Deputéierte vun de Piraten, hat gëschter matgedeelt, datt hien aus senger Partei ausgetruede wier, mee an der Chamber bleiwe wéilt.
D’LSAP wier bereet, de Ben Polidori bei sech opzehuelen. Dat sot den neien LSAP-Generalsekretär Sacha Pulli am 100,7-Interview.
"Jiddwereen, deen de Grondsazprogramm an eis Wäerter respektéiert, ass wëllkomm an der Partei. An dat gëllt eigentlech fir jiddwereen, deen zu Lëtzebuerg wunnt."
Dat gëllt also och fir de Ben Polidori. Ob hie sech enger anerer Partei uschléisse wäert, a wa jo wéi enger, ass nach onkloer.
Lénkt Profil soll geschäerft ginn
D’LSAP wäert sech iwwerdeems en neie Grondsaz-Programm ginn, deen dann och d’Basis gëtt vum Walprogramm fir 2028. Geplangt ass an deem Kontext en enken Austausch mat der Parteibasis. Deen ze organiséiere gëtt eng vun den Haaptaufgabe vum neien LSAP-Generalsekretär Sasha Pulli. De fréieren Handballspiller war de leschte Samschdeg um Kongress zu Ruedt-Syr op de Generalsekretärsposte gewielt ginn.
Am 100,7-Interview huet hie beschriwwen, wéi dat lénkt Profil vun der Partei soll geschäerft ginn.
"Mir musse virun allem deenen eng Stëmm ginn, déi keng Stëmm hunn an eiser Gesellschaft. Domat mengen ech déi Schwaach an eiser Gesellschaft. Mir mussen eis och zu eise Kärtheme bekennen: d'Aarbecht, de Logement, déi sozial Fro, déi ëmmer méi wichteg gëtt och zu Lëtzebuerg."
E weidere Punkt, wou ee wéilt no vir kommen, wier nach d'Educatioun, esou de Sacha Pulli.