Radioen

On air

Concert  |  Tosca vu Puccini

play_arrow Live
search

/ Romain Wolff iwwer Pensiounen: Regierung weess scho genee, wat se wëll maachen

Debatten iwwer Pensiounsreform

Romain Wolff iwwer Pensiounen: Regierung weess scho genee, wat se wëll maachen

De President vun der CGFP schléisst net aus, datt bei den Debatten iwwer d'Pensiounsreform och iwwer Ännerunge bei de Staatsbeamtepensioune geschwat gëtt. Dat seet de Romain Wolff am 100,7-Interview.

auto_stories

1 min

headphones

13 min

© Morgane Weidig play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Den CSV Fraktiounschef Marc Spautz hat rezent am 100,7-Interview gesot, datt senges Wëssens no net virgesi wier, datt och iwwert d‘Staatsbeamtepensioune soll diskutéiert ginn. 

"A wat ech dann, dat muss ech awer nach eng Kéier widderhuelen, wat ech da ganz schlëmm fannen, datt virun de Wale kee konkret vun den zwou Regierungsparteien eppes doriwwer gesot huet an datt et duerno einfach zum Toppthema gouf. Dat ass Bedruch um Wieler."

Mëtt 2023 hätt d'CGFP Walpréifsteng gemaach. Bei der Fro iwwer eng méiglech Rentereform hätt d'DP Nee geäntwert. D'CSV hätt "laanscht d'Fro geäntwert", esou de Romain Wolff. 

Regierung weess scho wat si maache wëllen

Dobäi mengt de Romain Wolff, datt d‘Regierung elo scho genee wéisst, wat se bei der Pensiouns-Reform wéilt maachen.

"Hei schwätze si lo mat jidderengem an dann herno, wann da mat jidderengem geschwat ginn ass, fäerten ech ganz, datt dann dat decidéiert gëtt, wat elo scho virläit, fir si virläit, mee wou mir awer näischt dervu wëssen."