Zënter Woche brennt et am Süde vun Europa an d'Biller vun de grousse Vegetatiounsbränn sinn iwwerall ze gesinn. Esou een Ausmooss wier hei am Land aktuell awer nach net denkbar, verséchert de Generaldirekter vum CGDIS, de Paul Schroeder. Am 100,7-Interview weist hien awer drop hin, datt och am Grand-Duché de Risiko vu Vegetatiounsbränn an d'Luucht geet.
D'3x30-Reegel
De Grond dofir sinn net ëmmer déi dréche Summeren. Grad dëse Summer ass nach relativ vill Ree gefall. Et wiere virun allem déi dréchen an ze waarm Wanteren. Doduercher bleiwen d'Biedem manner fiicht an dréchne méi séier aus, soubal et waarm gëtt.
Bei de Pompjeeë schwätzt ee vun der 3x30-Reegel: Temperaturen iwwer 30 Grad, een Taux d'humidité ënner 30 Prozent, a Wandvitesse vun iwwer 30 Kilometer an der Stonn. Wann déi 3 Konditiounen erfëllt sinn, dann ass de Risiko vun engem Bëschfeier immens héich.
De CGDIS selwer passt sech deem méi héije Risiko un a probéiert, esou gutt et geet op eventuell Vegetatiounsbränn virbereet ze sinn.
"Mir hunn eis do scho méi drop agestallt, well mir einfach och gemierkt hunn, datt mir souwuel vun der Technik, wéi och vun der Taktik hier net esou drop agestallt waren. An do hu mir an de leschte Joren nei Taktiken, nei Konzepter ausgeschafft."
Et hätt ee sech mat neiem Material agedeckt an och a Saache Formatiounen nei Saachen ugebueden, fir dem Risiko vu Bëschbränn Rechnung ze droen.
Konkreet si verschidde Läschween spezifesch equipéiert ginn a fuschnei Camione ginn ugeschaaft.
Läschfligeren als Deel vun engem Organisme de secours agréé
D'Warscheinlechkeet, datt e Läschfliger zu Lëtzebuerg zum Asaz géif kommen, wier awer geréng, seet de Paul Schroeder. Dofir bréicht et Prozeduren, wéi d'Buedemtruppe mat de Lofttruppe kommunizéieren. Dorobber géing een awer schaffen, esou de Generaldirekter vum CGDIS.
De CGDIS wier och a Kontakt mat der Cargolux, déi Läschfliger besëtzt. Well déi awer per Kontrakt kënnen engagéiert ginn, si se am Summer meeschtens guer net am Land. Et wier een awer mat der respektiver Firma a Kontakt, fir datt d'Läschfliger Deel vun engem Organisme de secours agréé ginn, wat d'Viraussetzung ass, datt de CGDIS op d'Fligeren zeréckgräife kann. Stand haut ass een awer nach net esou wäit.
De Paul Schroeder erënnert och drun, datt Läschfliger zwar spektakulär ausgesinn, an och effikass si fir d'Verbreedung vun engem Feier ze ënnerbannen, mee geläscht gi se ëmmer nach um Buedem.
Firwat ass kee Lëtzebuerger Pompjee a Südeuropa am Asaz?
De Süde vun Europa profitéiert aktuell och vum europäesche Reseau, wou aner EU-Länner Leit a Material op d'Plaz schécken, fir ze hëllefen. Lëtzebuerger Pompjeeë sinn awer do net am Asaz. Dat huet och e ganz bestëmmte Grond.
"Wann een an esou een Asaz wëllt goen, do ginn et Prozeduren a Reegelen, a Virgaben, déi gestallt ginn. Déi Ekippe mussen autark kënne schaffe ronderëm d’Auer, sech selwer versuergen an ënnerbréngen."
E Peloton Pompjeeën: Dat wiere 4 Camione mat jee 20 Leit. Et misst een also mindestens 80 Leit op d'Plaz schécken, betount de Paul Schroeder. Do wier de CGDIS weeder a Saache Material, nach a Saache Personal richteg opgestallt, fir dat ze stemmen.