De Sozialdialog wier awer deblockéiert an den Haaptknackpunkt vun de Gewerkschafte wier vum Dësch. Wann OGBL an LCGB gëschter keng Zouso a Saache Kollektivverträg kritt hätten, da wiere si an der Sitzung opgestanen a gaangen, huet de Patrick Dury preziséiert: Un dëser Fro hätt alles kënne scheiteren.
“Also mir hu gëschter ofgemaach (...) ee vun den Haaptknackpunkten, dat wär ganz einfach, déi Attack, déi mir zënter dem 8. Oktober matgemaach hunn op d'Kollektivverträg, op d'Ënnerschrëftsrecht vun de Gewerkschaften, vun den nationalrepresentative Gewerkschaften an de Kollektivverträg, op de Contenu vun de Kollektivverträg, op déi Iddi Accord d'Entreprisë mat den Delegatiounen auszehandelen, wéi dat vum Dësch wär u sech, wéi de Problem do geléist wär, wär et fir eis u sech kloer, dass mer erëm kéinten an déi eenzel Gremiume vum Sozialdialog goen.”
"Mir sinn net iwwer de Bierg"
D'Reunioun um Mëttwoch tëschent der Regierung an de Sozialpartner huet ganz laang gedauert.
“Et ass eng vun deene längsten an och vun deene schwieregste Reuniounen, déi ech als Gewerkschaftspresident an deem do Kader eng Kéier matgemaach hunn, an u sech si mer net iwwer de Bierg, well alleguerten déi aner Sujete sinn ugeschwat ginn. Mee mir hunn ofgemaach, dass mer net dann iwwer den Detail vun deenen Elementer do schwätzen. Mee dofir ass jo den zweete Rendez-vous ofgemaach ginn d'nächst Woch”
D’Verhandlungen tëschent der Regierung an de Sozialpartner sollen ee Méindeg de Mëtteg virugoen.
"Mir hu Problemer mat der UEL"
An der Sitzung um Mëttwoch am Staatsministère hätt keen deen anere provozéiert, esou den LCGB-President Patrick Dury. Inhaltlech wieren awer ganz grouss Differenzen entstanen.
“An ech muss och soen, mir hu Problemer mat der UEL, mat der Aart a Weis, wéi d'UEL hei virgeet. Dat ass net méi am Kader vun eisem Sozialmodell. An d'Regierung war jo och ee Moment aus dem Sozialmodell erausgeklommen. Mir si jo elo frou, dass mer elo mol deelweis de Wee do dran zeréckfonnt hunn. An de Rescht, dat muss jo elo d'Verhandlung erginn.”
Um Mëttwoch hätt ee mat enger Regierungsekipp verhandelt, huet de President vum LCGB preziséiert.
“Gëschter musse mir zeréckbehalen, dass mir nach wäit, wäit vun engem globale Resultat ewech sinn. Mee dass den Haaptknackpunkt vun de Gewerkschafte vum Dësch ass, dass op där anerer Säit de Sozialdialog och erëm deblockéiert ass. Mir kënnen erëm iwwerall matenee schwätzen.”
De Premier Luc Frieden huet hënt no ronn 11 Stonnen Diskussioune mat de Sozialpartner vun enger "laanger a schwiereger Reunioun" geschwat. Dobäi huet d'Regierung de Gewerkschaften an dem Patronat hir Decisioun matgedeelt, fir d'Gesetz iwwer d'Kollektivverträg net ze änneren.