arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'CSJ ass zefridde mat der Aarbecht vun hirer Mammepartei

Jugendpartei

|
reading time

1 min

headphones

12 min

play_arrow

D'CSJ ass zefridde mat der Aarbecht vun hirer Mammepartei

D'Pensiounsreform an aner Pläng, déi d'CSV-DP-Koalitioun ëmsetze wëllt, wiere schwiereg Theemen an et wier normal, datt dobäi och Kritik entsteet, seet den CSJ-President. Mee d'CSV wier um richtege Wee - och wat de Sozialdialog ugeet, esou de Metty Steinmetz.

reading time

1 min

headphones

12 min

play_arrow
CSJ Nationalpresident Metty Steinmetz | © Chris Zeien
CSJ Nationalpresident Metty Steinmetz (Foto: Chris Zeien)

Et wier gutt, datt all d'Sozialpartner elo erëm géifen zesummen un engem Dësch sëtzen a mateneen diskutéieren. Et kéint een ënnerschiddlecher Meenung sinn, mee et kéint een nëmmen am Dialog zu Léisunge kommen. Dat hätt an den éischten Diskussioune vun der sougenannter Sozialronn gutt geklappt an elo misst een de weidere Verlaf vun de Gespréicher am September ofwaarden.

D'Studiejore sollen och weider als Versécherungsjore fir d'Pensioun ugerechent ginn, seet de Metty Steinmetz. Et wier eng Unerkennung vun der Weiderbildung déi schlussendlech och dem Land eng Plus-value géif bréngen, esou den CSJ-President.

D'CSJ schwätzt sech och weider fir d'Walrecht vu 16 Joer un aus. 2015 hätt ee gefuerdert, datt an de Schoule méi iwwer Wirtschaft a Politik géif geschwat ginn, dat misst een nach weider ausbauen. Och d'Benevolat misst weider gestäerkt ginn.

play_arrow Lauschteren