D‘ITM hätt festgestallt, datt ee mat de repressive Moossnamen, déi der Aarbechtsinspektioun zwar zoustinn, net géif virukommen. Et géif een net genuch verstane ginn an et hätt een net genuch um Niveau vun der Assistance gemaach. Et wéilt een d‘Betriber deemno elo éischter begleeden, éier et zu Repressioune kënnt.
Sou zum Beispill och am Horecasecteur, dee besonnesch kritesch op d‘Kontrolle vun der ITM kuckt. Dee Secteur wier immens vulnerabel an de Matièren, déi d'ITM kontrolléiert. Zum Beispill kontrolléiert d‘ITM, ob am Betrib Leit schaffen, déi keng Aarbechts- oder Openthaltserlabnis hunn. Pro Persoun kascht sou ee Protokoll 10.000 Euro. Grad fir kleng Betriber eng grouss Belaaschtung an ee weidere Grond, firwat och d'ITM méi op Opklärung setze wëll.
Onwëssenheet kritt een net mat repressive Moossname bekämpft
D’Aarbecht vun der ITM géif dacks falsch verstane ginn, mengt de Marco Boly. Deemno wier et wichteg, Opklärungsaarbecht ze maachen. Onwëssenheet kéint een net mat repressive Moossname bekämpfen.
D‘ITM ënnerläit iwwerdeems dem Aarbechtsministère.