Dorënner d‘Sonnestralung, d’Loftfiichtegkeet an de Wand. Dowéinst muss een elo awer net onbedéngt mat méi Wiederwarnunge rechnen, betount de Luca Mathias. Dat hätten Analyse mam neie Parameter scho gewisen.
Méiglecherweis manner Warnungen?
A verschiddene Situatioune kéint ee souguer bësse manner warnen, wéi bis elo. Wann zum Beispill just d‘Temperatur héich ass, mee d‘Loftfiichtegkeet net, da géif de Parameter net uschloen.
„Dat ass dann zum Beispill e Fall, wou mer fréier eng giel Warnung verschéckt hätten, mee mam neie Parameter da guer net méi warnen.”
Déi nei Parametere géife sech och méi drop konzentréieren, wéi d‘Temperatur empfonnt gëtt. Dofir géif een och mat der Santé zesummeschaffen, erkläert de Meteorolog.