Déi Aart a Weis, fir den nächste Staatschef u seng zukünfteg Roll erunzeféieren, wier eng Lëtzebuerger Particularitéit, esou de Luc Heuschling am Interview. Holland an d’Belsch zum Beispill géifen dëse Prinzip net kennen.
Zwou Persounen um Troun
Et wier awer net nozevollzéien, firwat een eng Zäit laang zwee Leit hätt, déi am Prinzip déi selwecht Aarbecht maachen, sou de Luc Heuschling. Ëmsou méi, well een de Risiko a Kaf huele muss, datt déi sech och alt emol net eens sinn.
"No der traditioneller Lëtzebuerger Ausleeung hu mir duerch déi Lieutenance zwou Persounen um selwechten Troun sëtzen, plus een Drëtten, deen ëmmer am Hannergrond ass, an deen eigentlech dee wichtegsten ass. An dat ass d'Regierung. Dat ass de Minister."
Wat geschitt am Fall wou ...?
Am Oktober gëtt also eng éischt Etapp a Richtung Trounwiessel geholl. Wéini de Prënz Guillaume dann definitiv Groussherzog gëtt, ass net kloer. Sécher ass just, datt et geschéie wäert, ier de Prënz Charel groussjäreg ass. Dee wäert eréischt am Joer 2038 seng 18 Joer kréien.
Wie géif da Staatschef ginn, wann dem Grand-Duc Guillaume bis dohin eppes geschéie sollt?
"D'Regierung mécht eng Propos an et ass d'Chamber, déi designéiert. Dat ass nei. De Choix kann nëmmen eng Persoun ënnert den Ierwe sinn, ee vun de Successibelen also. Et kann net méi - wéi et bis 2023 de Fall war - d'Fra vum Grand-Duc sinn."
Deem Regent säi Mandat ass dann natierlech zäitlech limitéiert, bis d'Groussjäregkeet vum eigentleche Successeur, esou nach de Luc Heuschling.