Zu Lëtzebuerg ginn aktuell manner Wunnenge verkaf, wéi dat nach virun e puer Joer de Fall war. D'Präisser vun de Wunnengen einfach erofzeschrauwen, dat wier als Léisungsusaz ze einfach geduecht, betount de Jean-Paul Scheuren am 100,7-Interview. Hie seet awer, datt de Bestand vun de Wunnenge sech besser erkritt wéi gemengt.
Banke "ganz zéi" vis-à-vis vun de Clienten
De Vizepresident vun der Chambre immobilière ass awer der Meenung, datt d'Präisser just niewesächlech sinn. Et kéim villméi drop un, wéi d'Leit hir Wunnenge finanzéiere kënnen.
Fir um Plang ze kafen, an duerno eréischt ze bauen, bréicht een nei Finanzéierungsméiglechkeeten. D'Vertrauen an d'Constructioun wier aktuell nämlech immens niddereg. Kee wéilt gär kafen an dann nach e puer Joer waarden, éier en eraplënnere kann. Wärend där Zäit mussen déi meescht sech nämlech mat engem Crédit-relais tëschefinanzéieren. Do wieren d'Banken "ganz zéi", mee et wier d'Basis fir un eng nei Wunneng ze kommen.
Investisseure goufe vergrault
Mee net just déi Leit, déi eng Wunneng sichen, musse sech kënne finanzéieren. Och d'Constructioun selwer sicht no neie Finanzéierungsméiglechkeeten. Op enger Säit riichten d'Promoteure sech do un d'Banken. Den aktuelle Modell fir e Prêt ze kréien, nämlech 80 Prozent vun de Wunnenge verkaf ze hunn, wier eng "Dramvirstellung", esou de Jean-Paul Scheuren. Déi Krittären hätten d'Banke virun der Kris festgeluecht a géifen och un deene festhalen. Och wann aktuell e puer Banke speziell Konditiounen ubidden: Dës lafen Enn dës Joers aus.
Ausserdeem wieren eng Partie Investisseuren duerch verschidde Mesurë vergrault ginn: D'Ofschafe vun der TVA vun 3 Prozent, Amortissement vu 6 Prozent, an de gedeckelte Bail.
Och de Modell vun de VEFA-Wunnenge géing um aktuelle Marché "Kee Fouss méi faassen" seet de Jean-Paul Scheuren.
Präishausse wäert sech normaliséieren
De Secteur vun de Baupromoteure misst sech dofir iwwerleeën, wéi een et packt, datt méi Bauprojete privat finanzéiert ginn.
Facteure wéi d'Covid-Kris, déi aktuell Kricher an d'Inflatioun hätten d'Präisser no uewe gedriwwen. An noer Zukunft rechent de Jean-Paul Scheuren awer net méi mat esou grousse Präishaussen.
"D'Präisser vun den Immobilie wäerten och an Zukunft weider klammen, mee vill méi moderéiert, wéi dat elo déi lescht Joren de Fall war. An et ass eng normal Evolutioun, déi mir do wäerten hunn. Ech rechnen do mat 3-4 Prozent pro Joer."