D'Regierung empfänkt um Mëttwochmëtteg d'Gewerkschaften a Patronatsvertrieder fir Gespréicher. De Premier Luc Frieden hat virun engem gudde Mount op dës Reunioun invitéiert.
E gemeinsamen Ordre du jour
D'Gewerkschaften OGBL an LCGB hate laang gezéckt, éier si d'Invitatioun, ufanks der Woch, ugeholl hunn. No hirer grousser nationaler Manifestatioun vum 28. Juni haten d'Gewerkschafte Konditioune gestallt, dorënner, datt si den Ordre du Jour vun der Sozialronn misse kënne matbestëmmen.
D'Regierung ass dorop agaangen. Op der Dagesuerdnung stinn deemno d'Theeme Kollektivverträg, Sonndesaarbecht, Mindestloun a Pensiounsreform.
De Gilles Baum mengt dat wichtegst wier, datt een alleguer d'Leit zesummen op en Dësch krut hätt an hie wier zouversiichtlech, datt ee mat engem Kompromëss géif eraus kommen.
“Mäi Gefill seet mer, datt mir net den Owend do erausginn an alleguer déi Theemen ofgeschaft an alleguer déi Diskussiounsproblemer geléist hunn. Mee wichteg ass, datt mir an enger Ambiance den Owend ausernee ginn, wou jidderee Loscht huet, sech och zukünfteg zesummen un den Dësch ze setzen.”
"Geschlosse Regierung"
D'DP an d'CSV géifen als "geschlosse Regierung" optrieden an et géif een zesummen un engem Strang zéien, esou de Gilles Baum.
Och zum Theema Kollektivverträg ass de Gilles Baum der Meenung do géif ee "beienee kommen".
Bei der Sonndesaarbecht kéint de Kompromëss dee sinn, datt d'Sonndesaarbecht nëmmen ënner engem Kollektivvertrag méiglech wier. Dat wier eng Léisung, déi den DP-Fraktiounschef sech gutt kéint virstellen.