Virun allem sollten an Zukunft méi Persounen un héije Geldtransferte bedeelegt sinn: E 4-Ae-Prinzip bei Virementen iwwer 10.000 Euro, 8 Ae bei méi wéi 100.000 Euro an eng Decisioun vum Verwaltungsrot bei méi wéi 500.000 Euro. Déi Obligatioun wëll d’LSAP de karitativen Associatiounen a Stëftunge virschreiwen.
Cour des Comptes sollt an Zukunft méi kontrolléieren
Den Deputéierte Franz Fayot, Auteur vun enger Gesetzpropositioun an deem Sënn, verlaangt doriwwer eraus am 100,7-Interview, datt d’Cour des Comptes déi Organisatiounen, déi mat ville staatleche Sue schaffen, an Zukunft reegelméisseg kontrolléiere soll.
“Jo, ech mengen, dass d'Cour des Comptes, ganz gutt a même ass, dat ze maachen. D'Cour des Comptes ass jo do bëssen de verlängerten Aarm vun der Chamber, fir sou Missiounen auszeféieren.“
D‘Chamber kéint de Rechnungshaff mat sou Missioune befaassen, fir virun allem an der Gouvernance ze kucken, ob déi néideg Rigueur besteet, esou d'Erklärung vum Franz Fayot.
Misst de Staat méi Aufgabe selwer iwwerhuelen?
D’Regierung wäert mat der “aler” Caritas net méi zesummeschaffen: dat huet de Premier Luc Frieden däitlech gemaach. Fir och an Zukunft d’Aktivitéiten a Beräicher wéi Kannerbetreiung oder Flüchtlingshëllef finanzéiert ze kréien, misst eng nei Entitéit gegrënnt ginn, mat neiem Management a strikte Reegele vu Gouvernance.
Laangfristeg misst een d’Fro stellen, ob de Staat net mat der Zäit ze vill Aufgaben outgesourct hätt, mengt den LSAP-Deputéierte Franz Fayot. Ouni déi kuerzfristeg Demarche vun der Regierung ze kritiséieren.
„An do huet d'Regierung och Recht, dass se kuckt, dass eng nei Caritas mat enger neier Gouvernance och ënnerstëtzt gëtt vum Staat.“
Et wier awer och d‘Occasioun ze sech d‘Fro ze stellen, wéi eng Aufgaben de Staat selwer kéint iwwerhuelen.