Radioen

On air

One World  |  Fuzzy

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Fleegeversécherung: Primäert Zil ass et, datt d'Leit kënnen Doheem bleiwen

Assurance Dépendance

Fleegeversécherung: Primäert Zil ass et, datt d'Leit kënnen Doheem bleiwen

Zënter 25 Joer gëtt ët eng Fleegeversécherung hei am Land: D'Directrice kuckt zeréck an erkläert. Moderatioun: Maurice Molitor.

auto_stories

1 min

headphones

12 min

© Morgane Weidig play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Lauschterenplay_arrow

D‘Fleegeversécherung wier eng Success Story, seet d‘Direktrice Nathalie Rausch am 100,7-Interview. Haut profitéiere 17.000 Leit vun der Assurance Dependance, déi viru 25 Joer zu Lëtzebuerg ageféiert gouf.

Vun de 17.000 Leit liewen eppes méi wéi zwee Drëttel Doheem, an déi aner an externe Fleegestrukturen. Dat prioritäert Zil vun der Assurance Dependance wier weider, datt d‘Leit kënnen Doheem bleiwen, esou d‘Nathalie Rausch.

An der Moyenne läit den Alter bei éischten Demande fir d'Fleeg doheem bei 69 Joer. An de Strukture läit déi Moyenne bei 83 Joer.