Demokratie géif och heeschen, datt Meenunge vertruede sinn, mat deenen een net d'accord ass, seet de Claude Wiseler. Hie géif den demokratesche Kampf léiwer an der Chamber ausdroen, wéi datt dat "op der Strooss geschitt", seet hien am 100,7-Interview.
"A wa Parteie gewielt ginn, da solle se do hir demokratesch Rechter ausüben, hir Meenung kënnen ausdrécken. Da kann ech se och politesch bekämpfen, wann ech dat wëllt. Dat fannen ech de richtege Wee."
Visiteurszenter an der Groussgaass
D’Chamber soll da fir de Public méi opgemaach ginn, sot de Chamberpresident Claude Wiseler de Moien am 100,7-Interview. Hie wär als Chamberpresident ugetrueden, mat der Intentioun d’Chamber ze entstëbsen. Dofir goufe schonn d’Riedenzäiten an de Chambersëtzunge gekierzt an d’Kommissioune sinn deelweis public. Elo géif een un engem Visiteurszenter an der Groussgaass schaffen, sot de Claude Wiseler.
"Well d'Chamber soll méi, dat sinn, wat et am Fong ass: En Haus vun de Leit, wou d'Leit och kënnen hikommen, wat op ass, fir se, net an de Plenarsëtzungszäiten, mee an deenen aneren Zäiten, well d'Demokratie ass eppes Lieweges, wat jiddwerengem gehéiert."
De Claude Wiseler ass iwwerdeems am Politmonitor op 6. Plaz. Datt de Premier Luc Frieden an der Ëmfro esou schlecht ofgeschnidden huet, géif hien net iwwerraschen. Et hätt schonn ëmmer een negativen Afloss op Poltiker:inne gehat, wa si grad un engem kriddelegen Dossier, wéi an dësem Fall d'Pensiounsreform, schaffen.