Wat kann d’Léierpersonal de Schüler:innen nach vun Aufgabe gi fir doheem ze maachen, wann dës och solle bewäert ginn? An engem KI-Kompass wéilt een Orientatioun a Richtlinnen zu genee esou Froen ausschaffen, seet den DP-Educatiounsminister Claude Meisch.
KI wäert net méi verschwannen
An e puer Woche wéilt een dat eng éischte Kéier virstellen. Wichteg wier et op där enger Säit, datt een d’Chancë vu KI géif benotzen, mee et misst ee sech natierlech d’Fro stellen, wat mécht KI mat der Gesellschaft, der Ekonomie an der Schoul.
“Fir mech ass eng zentral Suerg, datt d’Kanner duerno nach kënne selwer denken, nach selwer eng Meenung hunn, éier ze mat KI schaffen. KI ass eng Realitéit. Dat ass komm fir ze bleiwen.”
Well d’KI net méi aus eise Liewe wäert fortgoen, wier et wichteg ze léieren domat ëmzegoen. Dofir misst et och Deel vum Schoulprogramm ginn.
Keng Ännerunge beim Handyverbuet
Fir d’Lycéeë gëllt den Ament e Modell vun dräi Optiounen, aus deenen d’Direktioune selwer kënnen decidéiere wéi restriktiv d’Reegele ronderëm den Handysgebrauch an der Schoul solle sinn.
Dem Claude Meisch no, hätte vill Acteure vum Terrain d’Flexibilitéit vun deem Modell begréisst. Iwwerdeems wier et och wichteg, datt d’Schülerinnen a Schüler géife léiere wéi ee richteg a gescheit mam Handy ëmgeet, esou nach de Claude Meisch de moien op eiser Antenn.
“Et bréngt wierklech eppes, well mir gesinn haut erëm, méi Schüler, déi gi mam Schachbriet oder mat engem Buch oder spillen och erëm mam Ball am Schoulhaff an dat ass jo eigentlech dat, wat mir wollten”
Den DP-Politiker sot iwwerdeems, datt hie seng Roll als Minister éischter als Surveillance géif gesi mat enger Rei u Richtlinnen. Et wier wichteg, datt d’Schoule selwer kéinten decidéiere wat bei hinne géif funktionéieren a wat net.
Alphabetiséierung op Franséisch gëtt d'nächst Joer ëmgesat
Déi Kanner, déi elo an de Cycle 1.2 kommen, sinn déi éischt, déi de Choix wäerten hunn tëschent der Alphabetiséierung op Däitsch oder op Franséisch.
Dofir mussen 150 nei Klassesäll an 100 nei Enseignanteën an Enseignantë mobiliséiert ginn. Béides wier all Joer ee Challenge, och ouni d’Alphabetiséierung op Franséisch. Eleng dëst Joer hätt een 2.000 Schüler:inne méi.
De Projet "Alpha" zitt sech iwwer eng Rei Joren. Vun der nächster Rentrée u geet et lass an da kënnt all Joer ee Schouljoer dobäi. De Besoin vun deenen 150 Klassesäll an 100 Enseignanteën an Enseignante géif sech also och iwwer déi nächst sechs Joren hinzéien, preziséiert de Claude Meisch.