D'lescht Woch huet d'EU-Kommissioun dee laangfristege Budget fir d'Period 2028 bis 2034 virgestallt, dobäi ass awer kee separate Budget fir den Agrarsecteur méi virgesinn. Doropshi gouf et staark Kritik vun de Bauereverbänn an och déi Lëtzebuerger Landwirtschaftskammer géif sech deem prinzipiell uschléissen, seet de Christian Hahn.
“Den Här Hansen huet gëschter um RTL erkläert, datt awer Sue reservéiert wieren. An ech denken, datt dat och de richtege Wee ass, mee d’Zeeche fir een Agrarbudget ze behalen - déi eenzeg Politik, déi wierklech gemeinsam ass - dat wier wichteg gewiescht.”
Et géif ëm d'Symbolik goen awer och ëm d'Sécherheet, esou de Christian Hahn. Et wéisst een net, wat no 2034 géif kommen an d'Gefor wier méi grouss, wann ee kee separate Budget hätt.
Ëmweltpolitik
De President vun der Landwirtschaftskammer ass positiv agestallt. D'Regierung géif mat den Acteuren um Terrain schwätzen, éier nei Direktiv géife kommen.
De Christian Hahn mengt iwwerdeems, datt een d'Natur net duerch e Verbuet oder e Gesetz géif schützen.
“D’Natur huet seng Plus-value och. Well duerch e Gesetz an e Verbuet, gi mir d’Natur net besser maachen.”
D'Landwirtschaft géif mat der Natur zesummeschaffen an dovu géif et spéiderhin eng Plus-value fir d'Natur ginn, esou nach de Christian Hahn.