D'AMMD géif dem Spidolspersonal och eng Erhéijung vun de Paie gënnen, hei géif et awer ëm de Prinzip goen, wéi esou Accorde verhandelt ginn.
Et géif behaapt ginn, datt et een Automatismus tëscht der Fonction Publique an dem Kollektivvertrag am Spidolssecteur géif ginn, dat wier gesetzlech awer néirens esou virgesinn, sou den AMMD-President.
Wann d'Cotisatioune fir d'CNS zënter enger Zäit méi knapp géife ginn, dierft d'CNS net déi eng Leit anescht behandelen, wéi déi aner.
"An da sinn aner Prestatairen, wéi bei mir als Dokteren, Laboratoiren, Kinéen, Hiewanen, déi eebe musse fir all Revalorisatioun ëmmer negociéiere goen, also a richteg Verhandlunge goen, wou da gesot gëtt, datt keng Suen méi do wieren."
De Chris Roller betount, datt d'AMMD net d'Recht vun de Gewerkschaften a Fro stellt fir Kollektivverträg auszehandelen, mee "datt Gewerkschaftsvertrieder quasi mat sech selwer Kollektivverträg aushandelen".
Ginn an der Quadripartite Cotisatiounserhéijungen decidéiert?
De Chris Roller geet dovun aus, datt an de Quadripartitesgespréicher wäert decidéiert ginn, datt d'Cotisatioune fir d'CNS wäerten erhéicht ginn.
"Wann d'Cotisatiounen erhéicht ginn, dann heescht dat automatesch och, datt d'Prestatiounen natierlech erof ginn."
Et wier schlussendlech de Patient deen d'Konsequenze wäert spieren, sou den AMMD-President.
AMMD plädéiert weider fir méi ambulant Strukturen
Duerch eng Valorisatioun vun ambulante Strukture géifen d'Presatioune fir de Patient net onbedéngt méi deier, mee méi effizient a méi séier ginn, sou de Chris Roller. Virun allem fir onkomplex Saache wéi Rëntgen.
Hie geet och net dovun aus, datt méi ambulant Strukturen de Personalmangel am Gesondheetssecteur wäert verschlëmmeren. Een Deel vum Gesondheetspersonal géif sech senger Meenung no dofir decidéieren an enger ambulanter Struktur ze schaffen, amplaz an engem Spidol, well se méi attraktiv Aarbechtsconditioune kënne kréien.