arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ "D'Spezialkommissioun Caritas war et derwäert"

CSV-Deputéierte Charel Weiler

|
reading time

1 min

headphones

11 min

play_arrow

"D'Spezialkommissioun Caritas war et derwäert"

D'Spezialkommissioun wier déi eenzeg Optioun gewiescht, fir datt d'Chamber op engem vun de gréisste Finanzskandaler am Sozialsecteur zu Lëtzebuerg iwwerhaapt hätt kënne reagéieren, mengt den CSV-Kommissiounspresident Charel Weiler.

reading time

1 min

headphones

11 min

play_arrow
© Jo Diseviscourt
(Foto: Jo Diseviscourt)

Mam politesch neutrale Rapport, deen d'Kommissioun ausgeschafft an e Mëttwoch ugeholl huet, kéint een elo an der Chamber an den Debaten den 10. Juli politesch un den Dossier erugoen, esou de Charel Weiler.

"De Rapport, dee mir hei hunn, ass jo bëssen een neutrale Rapport, wou ech och ganz frou sinn, datt mir ee Konsens do fonnt hunn. E Rapport, wou jidderee sech erëmfanne konnt. An déi politesch Interpretatioun vun deem Rapport, dee wäerte mir d’nächst Woch an der Chamber gesinn an ech erwaarde mir do flott Debatten an ech freeë mech drop."

De Charel Weiler begréisst iwwerdeems, datt d'Regierung sech scho mat der FEDAS zesummegesat huet, fir Piste fir de Sozialsecteur auszeschaffen, ouni op de Rapport vun der Kommissioun ze waarden. An dësem Dossier misst een nämlech séier agéieren, esou nach de Charel Weiler.

play_arrow Lauschteren