No de Gemengewale war zu Schëffleng schonn ofgemaach, datt de Carlo Feiereisen vun der LSAP de Paul Weimerskirch vun CSV no zwee Joer als Buergermeeschter ofléise soll. Den elo Ex-Buergermeeschter geet elo a seng Pensioun an hannerléisst sengem Nofollger eng Gemeng, déi aktuell staark um Wuessen ass.
Et wäert een awer sécher net alles iwwer de Kopp geheien, wat een an den zwee Joer vun der aktueller Koalitioun op de Wee bruecht hätt, betount de Carlo Feiereisen.
"Firwat soll een eppes, wat gutt leeft, torpedéieren?"
Wat d'Schwéierpunkte vum neien LSAP-Buergermeeschter ugeet, wéilt hie sech weiderhin op de Koalitiounsvertrag baséieren. Eng wichteg Roll spillen d'Bildungslandschaft, nei Shared Spacen, an och en neit Policegebai wäert deemnächst am Gemengerot diskutéiert ginn.
Nei ëffentlech Europaschoul üübt keen Drock op d'Gemeng aus
Et sinn awer virun allem d'Schoulen an d'Maison-relaisen, déi der Gemeng liicht Kappzerbrieches bereeden. Rezent hat d'Tageblatt gemellt, datt et laang Waardelëschte bei de Maison-relaise ginn. De gréisste Projet an deem Beräich - d’Lydie Schmit Schoul - ass a Retard. Iwwer 400 Maison-relais-Plaze gi gebraucht, an 144 Kanner wieren aktuell op enger Waardelëscht.
De Carlo Feiereisen huet am 100,7-Interview betount, datt an enger éischter Phas deemnächst 45 Plaze geschafe kënne ginn. An den nächste Méint soll och no weidere Solutioune gesicht ginn, iwwer déi hien awer keng Detailer wollt ginn.
D'Retarde bei de Projete wieren duerch Covid a sëllege Prozeduren ze erklären, esou den LSAP-Politiker.
“Wann een déi Retarden net hätt, da wier een an enger anerer Situatioun.”
Virun e puer Wochen huet den Educatiounsminister Claude Meisch annoncéiert, datt eng nei ëffentlech Europaschoul op Schëffleng komme wäert. Eng 1.000 Schüler:inne sollen hei Plaz fannen. Dëst géing awer keen Drock op d'Gemeng ausüben. Am Contraire: An deem Projet mat dra wier och eng nei Grondschoul mat enger Maison-relais. Dëst wier der Gemeng "méi wichteg" wéi déi nei International Schoul.
Quartier Metzeschmelz: E Quartier ouni Grenzen
E groussen Infrastrukturprojet ass och den neie Quartier op der Metzeschmelz. De gréissten Deel läit allerdéngs op Escher Territoire. Mee och an den neie Quartier soll eng nei Schoul kommen. Ob op Escher oder Schëfflenger Säit, dat wier nach net definitiv gekläert, seet de Carlo Feiereisen. Et soll nämlech e Quartier "ouni Grenze" ginn, wou ee wéilt mat Synergië schaffen.
Wéi eng Infrastrukture gebraucht ginn, a wat wou hikënnt, dat géing alles nach diskutéiert ginn. D'Zesummenaarbecht mat der Gemeng Esch wier an deem Punkt awer konstruktiv, betount den neie Schëfflenger Buergermeeschter.
2028 sollen d'Sanéierungsaarbechten op der Metzeschmelz ugoen. Déi éischt Leit kéinten deemno 2030 dohi plënneren, mengt de Carlo Feiereisen.
Keng Gemeng wëllt den TICE-Syndicat verloossen
E leschte wichtegen Dossier, deen net just Schëffleng betrëfft, mee och déi aner Südgemengen, ass den TICE. Den interkommunale Busreseau steet viru grousse Verännerungen. Deene verschiddene Gemenge war de Bäitrag, dee si bei de Reseau hu misse bäileeën, ze grouss ginn. Grond ass d'Elektrifizéierung vun der Flott, d'Astelle vu ronn 70 neie Buschaufferen, an d'Uschafe vun 10 ganz neie Busser. Elo hätt ee mam Transportministère e gudde Partner fonnt, seet de Carlo Feiereisen, dee bei de Verhandlungen awer och vill Waasser a säi Wäi geschott hätt, fir de Südgemengen ze hëllefen.
Hie betount ausserdeem, datt keng Gemeng wëlles hätt, de Syndicat ze verloossen. An och um Statut wäert näischt geännert ginn. Dat wier eng Prioritéit bei de Verhandlunge gewiescht, och fir dem Personal weiderhin déi Gewëssheet ze ginn, datt sech fir si näischt Elementares ännere wäert.