Radioen

On air

Notturno  |  Artaban - Jeans En Cuir

play_arrow Live
search

/ D’Stierflechkeet bei Kriibspatiente geet zu Lëtzebuerg erof

Zënter 2 Joerzéngten

D’Stierflechkeet bei Kriibspatiente geet zu Lëtzebuerg erof

Ëm 2,1 Prozent pro Joer. Zu där Conclusioun kënnt eng nei Etude vum Luxembourg Institute of Health.

auto_stories

1 min

headphones

14 min

play_arrow
Foto: Chris Zeien

Lauschterenplay_arrow

D’Direktesch vum Kriibsregëster, Claudine Backes ass Co-Autorin vun där Studie. Iwwregens där éischter vun hirer Aart hei am Land. Datt net schonn éischter esou eng Etude duerchgefouert gouf, läit un eiser klenger Populatioun.

"Fir esou Etüden ze maachen, brauch een eng gewësse Mass un Donnéeë fir iwwerhaapt kënnen déi pro Altersgrupp, pro Typ de Cancer an och pro Geschlecht anzedeelen. An hei war et wierklech ganz interessant, vu datt mer do méi wéi 20 Joer Donnéeën zesummen hunn, war et eréischt do, wou mer wierklech robust a statistesch signifikant Donnéeë konnte publizéieren."