D'Carole Hartmann weist sech net iwwerrascht iwwer dee groussen Undrang op der Nationaler Gewerkschaftsmanifestatioun de Samschdeg. De Succès fir d'Organisateure misst ee respektéieren an op de Message lauschteren, esou d'DP-Parteipresidentin.
Ganz Regierung an der Verantwortung
Si gesäit d'DP, also de Koalitiounsmember mat an der Verantwortung. Esou géif d’Partei säi Rôle gesinn, fir d'Parteien erëm beieneen ze bréngen.
Et dierft keng Tabuen am Debat mat de Gewerkschafte ronderëm d'Pensiounsreform an aner Sujete ginn, seet d'Carole Hartmann. Esou wier zum Beispill eng Erhéijung vun de Cotisatioune keen Tabu fir eng DP.
“Mee et ginn och duerchaus nach ganz vill aner Punkten, wou och souwuel vu Gewerkschaftssäit wéi vu Patronatssäit op den Dësch kommen an doriwwer musse mir schwätzen, ouni datt mir elo am Virfeld soen, esou wëlle mir et maachen an do wëlle mir erauskommen.”
No ville Saachen, déi "net gutt gelaf" wieren, géif et elo dorëm goen am Sozialdialog Solutiounen ze fannen.
Individualiséierung vun de Stéieren
A Saache Steierreform wier een als DP frou, datt een elo a Richtung Steiergerechtegkeet géif goen, esou d’Carole Hartmann. Et wier awer wichteg, datt ee mat enger Transitiounsphase géif schaffen.
Et géif drëm goen, de Leit net virzeschreiwen, wéi si solle Liewen. Eng bestuede Koppel soll net “besser” sinn, wéi eng net bestuede Koppel.
Lauschtert hei d'Detailer zu der geplangter Steierreform.