Radioen

On air

Kultur um 5  |  Spot on Brass

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ François Bausch: "Net onglécklech" doriwwer net gewielt ginn ze sinn

Eng politesch Karriär geet op en Enn

François Bausch: "Net onglécklech" doriwwer net gewielt ginn ze sinn

Virun e puer Woche stoung de François Bausch nach fir déi gréng op der Lëscht fir d'Europawalen. Elo huet hien d'Enn vu senger politescher Karriär annoncéiert. Hätt een anert Walresultat dës Decisioun geännert?

auto_stories

3 min

headphones

15 min

François Bausch | © Jo Diseviscourt play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

Gëschter um Dënschdeg hat de grénge Politiker matgedeelt, datt hien a 14 Deeg e Schlussstréch ënner seng 35-Joer-laang politesch Karriär zéie wäert, an der Djuna Bernard säi Chambermandat iwwerléisst.

Wann hien awer virun e puer Woche bei den Europawalen den 9. Juni als Éischten op der grénger Lëscht gewielt gi wier, hätt hien d’Mandat och ugeholl, sot de François Bausch. Hie wier awer net onglécklech, datt et anescht komm wier.

Aus Hierscht gouf Summer

Datt de François Bausch sech am Laf vun der Legislaturperiod aus der Politik zeréckzéien a säi Chambermandat zur Verfügung stelle géif, war iwwerdeems en oppent Geheimnis. Wéini hien dat maache géif, war awer net gewosst.

Datt et elo schonn esou fréi, manner wéi ee Joer no de leschte Wale geschitt, huet awer iwwerrascht. Et war och net grad esou geplangt, sot de François Bausch am 100,7-Interview.

Ugangs hätt hie wëlles gehat, sech eréischt dësen Hierscht aus der Politik zeréckzezéien. Hien hätt dat elo awer no vir gezunn, fir datt seng Nofollgerin Djuna Bernard nach virum Summer géif vereedegt ginn.

"Mee ech hu mir awer déi lescht Méint gesot – an a mengem Kapp geeschtert dat scho méi laang ronderëm - datt et am Fong awer gescheit wier, fir dem Djuna Bernard nach d'Méiglechkeet ze ginn, nach de leschten Dag vun der Sessioun, also just virun der Summerpaus vereedegt ze ginn."

Op déi Aart a Weis kéint Djuna Bernard sech nämlech schonn am Hierscht an de parlamentaresche Kommissioune mat abréngen, huet de François Bausch erkläert.

Houffreg op den Tram

Am Interview goung et och ëm säi perséinleche Bilan, an do ëm d’Fro, op wéi eng Decisioun hien am houfregsten ass.

"Ee Projet, iwwer deen ech wierklech ganz frou sinn, an der Infrastruktur, dat ass natierlech den Tram. Dat ass symbolesch fir eng aner Mobilitéitspolitik. Dee ganze Plan national 2035 ass dono hannendru komm. Dat ass eppes, wou ech immens frou driwwer sinn." 

Da géingen et awer och eng Rei Saache gesellschaftspolitescher Natur ginn, wou de François Bausch ganz frou driwwer ass, datt hien déi konnt mat realiséieren.

"Ugefaangen, aus der Oppositioun eraus, mat der aktiver Stierfhëllef, wou de Jean Russ grousse Merite drun hat, wou ech awer frou war, dat kënne matzedroen. Grad ewéi awer och déi vill gesellschaftspolitesch Reformen, déi mir gemaach hunn an der Legislaturperiod 2013-2018, wou Lëtzebuerg verännert ginn ass, wou d’Land méi tolerant, méi oppe ginn ass."

 

Lauschterenplay_arrow