D'Lag am Bausecteur géing sech stabiliséieren. Dat sot d’Presidentin vum OAI, d'Michelle Friederici, am 100,7-Interview. Et géifen och lues a lues rëm méi Projete vum Staat a vun de Gemengen ausgeschriwwe ginn. Deemno hätt si e gutt Gefill.
Am Private géif et awer weider ee groussen Ënnerscheed tëscht de Promoteuren an déi méi klenge Clientë ginn, sou d’Michelle Friederici.
"Alles, wat Promoteure sinn, notamment eben d'Neibauten, ass awer wierklech nach carrement op Null. Wat eebe lo kënnt, dat sinn déi privat Bauhären, déi zögerlech nees zréckkommen fir Haiser ëmzebauen an energeetesch ze renovéieren. Déi gewannen elo nees Vertraue. Et gesäit ee jo och d'Präisser vum Bau, déi sech erëm stabiliséiert hunn."
Den OAI begréisst iwwerdeems d’Vereinfachunge vun de Prozeduren, déi d’Regierung annoncéiert huet. Et géif awer lo drëm goen, déi Mesuren a Musek ëmzesetzen.
Keng Baugeneemegunge bei klenge Projeten: Kee Problem fir den OAI
Den Ordre des architectes et ingénieurs begréisst d’Vereinfachunge vun de Prozeduren am Logementsberäich, déi d’Regierung annoncéiert huet. Et géif awer lo drëm goen, déi Mesuren och a Musek ëmzesetzen, sot d’Michelle Friederici. Virgesinn ass ënner anerem, datt fir méi kleng Projete wéi Gaardenhaisercher oder Fotovoltaikanlage keng Baugeneemegung méi muss ugefrot ginn. Dat wier fir d’Architektinnen an Architekten awer keng schlecht Nouvelle, seet d’Michelle Friederici.
"Ech denken, dass mir net lo musse fir all kleng Maierchen, déi do gebaut gëtt, gefrot ginn. An engem Secteur protégé oder an engem sensibele Quartier, ech mengen do si mir natierlech derbäi, dass dat muss gekuckt ginn, dass déi elektresch Fotovoltaikinstallatiounen och esou placéiert ginn, dass se dem Patrimoine gerecht ginn. Mee awer et ass net, dass mir lo do dergéint sinn, well mir do Aarbecht verléieren."
Et ass awer esou, datt den OAI schonn awer eng gewëssen Zuel un Aarbecht oder u Revenu géing verléieren, mee d'Michelle Friederici mengt, "dass dat elo esou an d'Gewiicht fält."
Bausecteur selwer ass manner optimistesch
De Bausecteur hätt just nach fir e puer Méint Aarbecht. Dat sot iwwerdeems den Entrepreneur Roland Kuhn am 100,7-Interview. Vum en Donneschden un ass de Bausecteur zwar offiziell net méi am Krisemodus, an déi lescht Méint konnten d’Entreprisë sech mat Kuerzaarbecht an aner staatleche Mesuren iwwer Waasser halen. De Bilan am Secteur fält trotzdeem gemëscht aus. Et géing dem Ament net genuch Ausschreiwunge vu Staat a Gemenge ginn, esou d'Chambre des métiers. Dem Roland Kuhn no hätt een nëmmen nach fir e puer Méint am Secteur Aarbecht.
Den Emile Eicher, President vum Gemengesyndikat Syvicol, huet iwwerdeems confirméiert, datt déi ëffentlech Ausschreiwungen am Gemengesecteur den Ament méi lues lafen. Et géifen deemno den Ament net souvill Bauprojeten ëffentlech ausgeschriwwe ginn, wéi nach virun der Kris.