Et wéilt een deemno och um Enn Conclusioune fir de ganze Secteur zéien. Firwat sinn d’Reunioune vun där Kommissioun dann net ëffentlech? Dozou sot d’Stéphanie Weydert, datt Organisatiounen, déi een invitéiere géing, op fräiwëlleger Basis dohinner géinge kommen.
"Dat heescht, wann een elo seet, dat gëtt och nach live iwwerdroen, weess ech net op déi dann esou enclin wieren, fir direkt dohinner ze kommen. An ech mengen, wann een dat dann awer an der Kommissioun hält, wou net live iwwerdroe gëtt, dann ass een awer vläicht méi à l'aise och doriwwer ze schwätzen.
D‘nächst Joer am Januar sollen der Rei no Caritas, PwC an dann och HUT vun der Kommissioun gehéiert ginn. D’Personaldelegatioun vun der Caritas, d’FEDAS an och d’Kierch ginn a Sitzungen am Februar erwaart.
Opaarbechtung vum Fall huet Prioritéit
Wéi d'Kommissioun elo virgoe wäert, steet och well fest. Als éischt géing ee sech mat de Justizautoritéiten ënnerhalen, falls déi dann der Invitatioun nokéimen, esou d'Stéphanie Weydert. Do géingen nämlech nach e puer Froen opstoen.
"Wat ass elo Deel vun der Enquête judiciaire, wou mir eis guer net wëllen a kënnen amëschen? Well ech mengen, et sinn zwee verschidde Pouvoiren hei."
Kéint de Kader da relativ begrenzt si vun deem, wat d'Kommissioun iwwerhaapt nach diskutéiere kann, oder net? Ënner Ëmstänn jo, mengt d'Stéphanie Weydert. Mee et kéim elo prioritär op d'Opaarbechtung vum Fall un.
"Wéi eng Wäichen ee kann ëmstellen, fir datt an Zukunft eng besser Gouvernance do ass, oder vläicht eng besser Kontroll vun de Ministèren, wat eeben déi ëffentlech Gelder ugeet, déi iwwert d'Konventiounen un Träger ausbezuelt ginn."