"Follow the money" fënnt et problematesch, datt den CSV-Politiker sech reegelméisseg mat héichrangegen Diplomaten aus net EU-Länner ënnerhält, ouni datt hien doriwwer Buch féiere muss.
Aner Reegele fir de Juncker
Den Auteur vun der Recherche Peter Teffer erkläert am 100,7-Interview, datt fir EU-Kommissäre streng Reegele gëllen. Si dierfte just Leit gesinn, déi am Lobby-Regëster opgefouert sinn. Wa si sech mat Leit géifen treffe fir Politik ze schwätzen, da misste si dat androen an dat misst public gemaach ginn.
“Ma déi Reegele gëllen net fir hien (de Jean-Claude Juncker), well hien ee “spezielle Beroder” ass. Si musse keng Rapporten iwwer Leit, déi si gesinn, maachen.”
De Peter Teffer huet selwer mam Jean-Claude Juncker geschwat. De Lëtzebuerger wier sech awer kengem Problem bewosst, sot eis de Journalist vu "Follow the money".
"Hien mengt net, datt hie kéint beaflosst ginn. Hien huet dat Wuert "immun" gebraucht, fir ze soen, datt keen et ka fäerdeg bréngen, fir hien ze benotzen, fir dattze kréien, wat hie wëll.”
EU-Experten, mat deenen de Peter Teffer geschwat huet, géifen awer dogéint halen. D’Leit géife sech net just mam Jean-Claude Juncker treffen, well si en ale Frënd wéilte gesinn.
Lobbyismus geet a béid Richtungen
De Jean-Claude Juncker huet dem Peter Teffer eng Lëscht vu sengen Entrevuen zoukomme gelooss. An de Peter Teffer bleift dobäi: Do géife sech Froe stellen, esou seng Conclusioun. Et dierft een net vergiessen, datt Lobbyismus och ëmgedréint funktionéiert.
“Et kéint och sinn, datt de Jean-Claude Juncker Leit eppes erzielt, wat d’Kommissioun plangt. Well hie gesäit d’Kommissiounspresidentin reegelméisseg an hie kéint jo bewosst oder onbewosst e Gespréich iwwer eng nei Propos vun der Kommissioun hu mat brauchbaren Informatioune fir ee Lobbyist oder fir een Diplomat.”
De Jean-Claude Juncker hätt Ambassadeuren aus dem Kasachstan, China an Tunesie getraff.
“Hien huet mir Donnéeën iwwer Meetinge bis 2024 ginn. Senger Assistentin no ass déi Lescht net komplett. Et goufen deemno vläicht nach weider Rendez-vousen, un déi hie sech net erënnert, oder déi dëst Joer waren, vun deene mir näischt wëssen.”
Problematesch fënnt de Peter Teffer et schliisslech och, datt d’Kommissioun bis viru Kuerzem sot, si hätt ee 5 Joresvertrag mam Spezial-Beroder Jean-Claude Juncker. Och wann d’Reegelen et virgesinn, datt esou ee Kontrakte just dierf maximal iwwer zwee Joer goen.
“Wéi ech d’Kommissioun gefrot hunn, wéi dat méiglech wier, hu si d’Websäit geännert. Elo steet do, säi Kontrakt géif 2 Joer gëllen.”
Kontrakt ka verlängert ginn
An deem Punkt hu mir bei der Kommissioun nogefrot. Hire Spriecher wollt weder confirméieren, nach dementéieren, datt Donnéeën op der Websäit effektiv geännert goufen.
Fakt wier, datt d’Kommissioun den 11. September 2024 d’Decisioun geholl huet, datt de Jean-Claude Juncker en neie Kontrakt als "Spezial-Beroder" kritt.
Dee Kontrakt wier de Reegele vun der Kommissioun no fir maximal zwee Joer gutt, mee e kéint ëmmer nees bis zum Enn vum Mandat vun dëser Kommissioun - also bis 2029 - erneiert ginn. An dat wier och esou geplangt. Op déi Aart a Weis kéint d’Institutioun méi laang vun der Expertise vum Lëtzebuerger profitéieren, esou d’Kommissioun op eis Nofro hin.