arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Grouss Pann an de Kommunikatiounsreseaue vun der Lëtzebuerger Post

Kommunikatioun

|
headphones

2 min

Grouss Pann an de Kommunikatiounsreseaue vun der Lëtzebuerger Post

Géint 16:15 Auer gouf et e "generaliséierten Incident" am Telekommunikatiounsreseau vun der Post, mat grousse Repercussiounen, och beim 112. No véier Stonne sinn déi éischt Servicer retabléiert ginn. D'Ursaach vum Problem ass nach net bekannt.

headphones

2 min

Kuerz no 16 Auer si vill Kommunikatiounsreseauen zu Lëtzebuerg ausgefall. D'Post, dee gréissten Operateur mat och deem gréisste Reseau, huet vun engem "generaliséierten Incident" geschwat. 

Kuerz no 20 Auer huet d'Post matgedeelt, datt se d'Servicer schrëttweis géif retabléieren. Absolut Prioritéit hätten d'Noutruffdéngschter, déi mëttlerweil nees integral fonctionéiere géifen. 

Och 112 an 113 betraff

Véier Stonne laang goufen et domat Problemer beim 112 an 113. D'Awunner:inne sinn iwwer hire Smartphone iwwer den LU-Alert-System iwwer d'Problemer informéiert ginn. Wien an engem Noutfall wier an net un den 112 kënnt, sollt en aneren Operateur wielen (ouni, datt matgedeelt gouf, datt de Problem bei der Post louch) oder sollt sech an den nächsten Asazzenter ("caserne") oder Urgence deplacéieren. D'Clientë vun der Post hunn dee Message allerdéngs eréischt kritt, wéi d'Pann eriwwer war. 

D'Asazkräfte krute fréi vum CGDIS matgedeelt, se sollten hir Piipserte bei sech hunn. A wann den Telefon net funktionéiert, sollte si de Funk benotzen.

Krisecellule beieneen

D'CSV-DP-Regierung huet am fréien Owend wéinst de Problemer bei der Post och eng Krisecellule zesummegeruff, ë. a. a Presenz vum Wirtschaftsminister Lex Delles (DP) an dem Inneminister Léon Gloden (CSV). De Premier Luc Frieden (CSV) géif "permanent um Lafende gehale ginn" a géif "aktiv um Decisiounsprozess deelhuelen", heescht et an engem Communiqué.

Der Krisecellule no géif d'Post d'Ursaach vun der Pann nach analyséieren an d'Situatioun géif weider iwwerwaacht ginn. 

Vill Clientë betraff

D'Lëtzebuerger Post huet vill Clienten. Am Beräich vun de Privatclienten hat d'Post Enn 2024 bei den Internetabonnementer e Maartundeel vun 58 Prozent, bei den Handysabonnementer vu 50 Prozent. Am professionelle Beräich ass de Maartundeel nach méi grouss: Bei den Internetabonnementer vun den Entreprisë läit der Post hire Maartundeel bei 78 Prozent, bei den Handysabonnementer bei 61 Prozent, esou d'Zuele vum Regulateur ILR.

Dësen Artikel gouf reegelméisseg aktualiséiert.