Radioen

On air

Vue sur mer  |  Former Champ - Hold On

play_arrow Live
search

/ International Schoul zu Déifferdeng bleift och um Freideg zou

No engem Brand bei de Poubellen

International Schoul zu Déifferdeng bleift och um Freideg zou

Déi International Schoul zu Déifferdeng bleift och muer um Freideg nach zou. E Méindeg wäerten d'Coursen dann nees ugoen. Dat sot den Direkter Gérard Zens op Nofro hin, nodeems gëschter Owend e Feier am Poubelleraum vun der Schoul ausgebrach war.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Foto: Ecole internationale Differdange et Esch-sur-Alzette play_arrow
Foto: Ecole internationale Differdange et Esch-sur-Alzette

De Poubelleraum am Haff vun der Schoul ass géint 20 Auer gëschter Owend duerch d‘Feier komplett zerstéiert ginn. Wéi den Direkter am 100,7-Interview zougëtt, wier et net dat éischte Feier an engem Poubelleraum gewierscht.

"Dat huet Bâtiment public eis och gesot. De Poubelleraum ass een, wou et méi oft brennt. Dofir gouf schonn decidéiert, dësen an deenen neie Gebaier méi wäit ewech vum Haaptgebai ze placéieren. Allerdéngs ass den Traffo awer hei niewendrun.“

D’Pompjeeë wiere bannent fënnef Minutten op der Plaz gewiescht a konnten d’Feier séier ënner Kontroll bréngen. Wéi de Buergermeeschter Guy Altmeisch erkläert, gouf kee Mënsch blesséiert.

"Dat ass dat Allerwichtegst: Keng Persoun ass zu Schued komm. Material kann ersat ginn.“

Just 4 Schüler stoungen de Moie virun der Dier

Dem Direkter vun der Schoul no hätt d'Kommunikatioun mat den Eltere gutt fonctionéiert.

"Mir hu kuerz no zéng Auer owes all Elteren informéiert, a mir hate just véier Schüler, déi de Moien opgedaucht sinn.“

D’Police an de CGDIS ermëttelen nach, ob den Tëschefall duerch en elektresche Kuerzschluss oder méiglecherweis Brandstëftung ausgeléist gouf.

Nodeems d’Ursaach gekläert ass, solle präventiv Moossname geholl ginn. Den Direkter an d’Gemeng wëllen dobäi prioritär de Poubelleraum op eng méi sécher Plaz verleeën.

"Héchstwarscheinlech gëtt dee Poubelleraum elo op eng aner Plaz gebaut, méi wäit ewech vum Traffo.“

Lauschterenplay_arrow