An Italien huet d‘Police eng international Schleiserband opgedeckt, déi iwwer 2.000 Migrant:innen illegal iwwert d‘Mëttelmier aus der Tierkei an Europa soll bruecht hunn. An der Stad Reggio Calabria an Ëmgéigend wiere 25 presuméiert Schlepper festgeholl ginn, deelen d‘Autoritéite mat.
D‘Schleiserband soll tëschent 2017 an 2022 méi wéi 30 Iwwerfaarten organiséiert hunn, deels mat iwwerfëllte Seegelbooter, an dofir ëm déi 10 Milliounen Euro akasséiert hunn.
Een Drëttel vun deene Sue wiere saiséiert ginn. Déi Verdächteg kommen aus der Tierkei, Georgien, Ukrain a Moldawien.