arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ International Konferenz fir den Aarteschutz befaasst sech ë.a. mat Fräschenhamen

Usbekistan

|
headphones

1 min

International Konferenz fir den Aarteschutz befaasst sech ë.a. mat Fräschenhamen

185 Länner, déi de Washington Accord fir den Aarteschutz aus dem Joer 1973 ënnerschriwwen hunn, beroden déi nächst zwou Wochen iwwer d'Reegele fir den Handel mat Déieren- a Planzenaarten, déi a Gefor sinn. Schonn am Virfeld dovu gouf gewarnt.

headphones

1 min

ONG‘en ewéi pro Wildlife hunn am Virfeld schonn ze bedenke ginn, datt eng Partie afrikanesch Länner, dorënner Namibia, wéilten de Schutzstatus fir Elefanten, Giraffen a Nashörner reduzéieren, wärend verschidden asiatesch Länner an der Fëscherei manner streng Reegele fir zum Beispill Haie fuerderen.

An enger Demande vun der EU, Israel an Nordmazedonien gëtt gefuerdert, datt d'Fräschen och an den Aarteschutz opgeholl ginn. Laut Represantanten vu Wildlife ass d'EU de weltwäit gréissten Importateur vu Fräschenhamen, a wier domat och an der Responsabilitéit. 

D'Washingtoner Ofkommes iwwer den Aarteschutz (Cites) reegelt de globalen Handel vu vulnerabelen Aarten. Bis ewell ass dowéinst den Handel vun iwwer 40.000 Déieren- a Planzenaarte gereegelt oder verbueden.