D‘Delegatiounsleedung vu Panama sot, datt e puer haart Stëmmen de Prozess net dierften zum Entgleise bréngen. An der Propos vum Ofschlosstext gëtt e Kontrollmechanismus fir déi global Plastikproduktioun virgeschloen. Allerdéngs besteet d'Méiglechkeet, datt dësen Abschnitt komplett gestrach gëtt, wéi et Saudi-Arabien zënter dem Ufank vun der Konferenz fuerdert.
D'Verhandlungen, un deenen Delegéiert aus 175 Länner deelhuelen, zielen op e bindend Ofkommes of, dat d'Plastikverschmotzung weltwäit reduzéiere soll.