Am Kader vun der Sozialronn äntwert d'Regierung op d'Demande vun der Chamber, fir iwwer de Stand vun de Verhandlunge mat de Sozialpartner informéiert ze ginn, datt et tëschent de Sozialpartner kloer ausgemaach ass, net wärend de Verhandlungen ze kommunizéieren. D'Regierung gëtt deemno keng Informatioune weider, soulaang d'Gespréicher nach amgaange sinn.
Um Enn vun de Verhandlunge géif d'Regierung dann awer mat den Detailer bis an d'Chamber goen, heescht et nach op Nofro hin aus dem Staatsministère.
No zwou laangen éischte Verhandlungen d'lescht an dës Woch ass eng drëtt Ronn am September geplangt.