Am Juni ass den Diesel par Rapport zu Mee, ëm 2,5 Prozent an d‘Luucht gaangen, beim Bensinn ass et eng Hausse vun engem Prozent. Den Heizungsmasutt ass an engem Mount ëm iwwer 4 Prozent geklommen.
Och d‘Fleesch ass an engem Mount méi deier ginn, virun allem beim Schwéngefleesch, do gouf et eng Präisshausse vun 2,4 Prozent.