Radioen

On air

9 bis 1  |  Brijean - Workin' On It

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Inflatiounstaux ass am Mee nees liicht geklommen

Vun 2,4 op 2,6 Prozent

Inflatiounstaux ass am Mee nees liicht geklommen

Den Inflatiounstaux ass rëm an d‘Luucht gaangen. Am Mee ass de Jores-Inflatiounstaux op ee Mount gekuckt vun 2,4 op 2,6 Prozent geklommen.

auto_stories

1 min

Illustratioun Inflatioun | © picture alliance / photothek | Ute Grabowsky
Foto: picture alliance / photothek | Ute Grabowsky

Déi Hausse ass bedéngt duerch d‘Service-Tariffer, déi an d‘Luucht gaange sinn, wéi de Statec matdeelt.

Déi gréissten Hausse gëtt et bei de Präisser vun de Fligerticketen. Déi sinn an engem Mount 19 Prozent méi deier ginn. D‘Pauschalreese sinn 9 Prozent méi deier ginn.

Och d‘Crèchen an d‘Foyere si méi deier ginn. Hei ass et eng Hausse vun 8,6 Prozent. D‘Präisser bei den Telekommunikatiounsservicer sinn ëm 8 Prozent geklommen.

Par conter sinn d‘Bensinnspräisser zanter engem Mount rëm zeréckgaangen.