Dës Kéier ass awer de Vize- an Ausseminister Xavier Bettel net dobäi, well hien dës Woch wichteg Rendez-vousen zu Bréissel huet. Och de Wirtschaftsminister Lex Delles, deen och un der Rees sollt deelhuelen, wëllt dës Woch am Land bleiwen, well hie seng Disponibilitéite fir de Sozialdialog fräihält, esou déi offiziell Erklärung.
Also ass d'Digitaliséierungsministesch Stéphanie Obertin déi eenzeg Vertriederin vun der Regierung, déi den Ierfgroussherzog Guillaume begleet. Dofir awer reest eng Delegatioun vum Wirtschafts- a vum Ausseministère a vun der Chambre de commerce mat op Osaka.
Inspiratioun beim Waasserstoff
Um Programm sti Visitte vu japanesche Firmaen, ënner anerem enger Firma, déi a Japan Leader ass an der Entwécklung vun neie Waasserstofftechniken. Lëtzebuerg, dat de grousse Projet LuxHyVal lancéiert huet fir d'Industrie an den Transport op grénge Waasserstoff ëmzestellen, kéint sech do inspiréieren.
En anere grousse Rendez-vous ass eng Visitt vun der Uni zu Kyoto, just eng Stonn vun Osaka ewech. Do schafft e Lëtzebuerger Fuerscher an der iPS-Stammzellefuerschung. Dat si Stammzellen, déi am Labo hiergestallt ginn. Dat heescht, déi ersetzen déi ethesch ëmstridde Stammzelle vun Embryoen, fir Fuerschungs- oder Experimentszwecker.
Lëtzebuerger Pavillon am Mëttelpunkt
Den Ierfgroussherzog Guillaume ass och beim Space afternoon am Lëtzebuerger Pavillon dobäi.
Do ass och de Grënner a CEO vun der japanescher iSpace-Firma present. Mat där Firma hat déi Lëtzebuerg Space Agency zesummegeschafft, ënner anerem bei der Rover-Missioun um Mound.
Am Lëtzebuerger Pavillon ass och eng Maquette vum Rover a vum Lander ze gesinn, déi jo a Wierklechkeet net méi zeréckkoume vun hirer Moundmissioun.