Radioen

On air

Time Flies  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ierfgroussherzog Guillaume: "Eng modern Monarchie passt sech senger Zäit un"

Am Portrait

Ierfgroussherzog Guillaume: "Eng modern Monarchie passt sech senger Zäit un"

Den Ierfgroussherzog Guillaume iwwerhëlt vun haut un als Lieutenant-Representant nei Missiounen. No senger Vereedegung an der Chamber ka säi Papp Grand-Duc Henri him verschidde Pouvoiren iwwerdroen oder delegéieren. Et ass deen éischte Schratt a Richtung Trounwiessel. Eng Missioun, fir déi den Ierfgroussherzog vu Klengem u virbereet gouf.

auto_stories

8 min

headphones

5 min

play_arrow
Foto: picture alliance / Royal Press Europe | Albert Nieboer

Wärend senger Kandheet gouf probéiert, een Equiliber ze schafen tëscht Privatliewen an Ëffentlechkeet. De Prënz ass an der Maternité Grand-Duchesse Charlotte den 11. November 1981 gebuer. Säi Papp, de Grand-Duc Henri, war nach zu Betzder op d’Welt komm.

Eng normal Schoulzäit mat Ausnamen

De jonke Prënz geet an déi ëffentlech Primärschoul op Luerenzweiler. Am Secondaire war hie bis op 4ième am Stater Meedercherslycée, dem Lycée Robert Schumann, ee vun deene klengste Lycéeën aus dem Land.

Do war hien net de Prënz, mee de Guillaume, wéi déi deemoleg Direktesch d’Marie-Anne Werner sech erënnert.

"Seng Klass ass mam Computer zesummegesat ginn, wéi fir all Klassen. Hien huet sech och direkt awer Frënn do gemaach. Hien huet natierlech en Talent gehat, fir mat de Leit ëmzegoen. Ech mengen, dat hunn ech ëmmer fonnt vu vireran. Hie wousst ëmmer genee, wéi e sech do mat deenen anere kéint behuelen, an hien hat och am Fong geholl ni Konflikter."

Am Lycée huet hie sech ganz vill fir d’Geschicht an d’Geographie interesséiert. De Prënz Guillaume konnt an der Mëttesstonn aus dem Lycée eraus an do gouf et dës Konditiounen.

"Also déi Zäit hate mir Schoul vun 8 bis 12 Auer,  a vu 14 bis 16 Auer. An an der Mëttespaus hätt ee jo kënnen och soen, hie kéint jo e bësselchen och wéi anerer mol schaffen oder léieren, mee seng Elteren an hie wollten och, datt hien do kéint erausgoen. Dat heescht vu Septième un huet hien däerfen aus der Schoul erausgoen, awer ganz kloer gesot, ni eleng."

Sou hat de Prënz Guillaume e klenge Grupp vu Kolleegen, déi mat him gaange sinn, erënnert sech déi deemoleg Direktesch. Ënner anerem goung et an de Park fir mat de Rollschung fueren ze goen.

"Ech mengen haut géing een dat och net méi kënne maachen. Dat wor 94-95 nach méiglech, datt hie mat Kolleegen an de Park Rollschong fuere gaang ass. Et huet kee Mënsch et gemierkt."

Eng Aktivitéit war fir hien allerdéngs net méiglech, erzielt d’Marie-Anne Werner. Dat am Kader vun Orientation professionnellen, wou d'Schoul vun all Beruffssparte Leit invitéiert hat, a wou d'Schüler sech konnten informéiere goen.

"Do sot ech: Guillaume, fir dech kann ech keen Atelier maachen, mee dunn ass hien awer an aner Ateliere gaangen, fir bëssen iwwer aner Beruffer informéiert ze ginn. Dat war ee witzegen Ament."

Ëmmer méi ëffentlech Flichten

Virun 3 Joer war den Ierfgroussherzog fir säi 40. Anniversaire Invité um radio 100,7. Do huet de Maurice Molitor him d’Fro gestallt, ob hien dann ni eppes aneschters hätt wëlle maachen als Beruff?

"An enger Jugend kënnt ëmmer eng Phas vun enger klenger Kris, enger klenger Revolt, an ech mengen, dat gehéiert och dozou. Dat ass gesond, an déi hunn ech och gemaach, bis dass ech wierklech konnt och déi Fonctioun an déi Destinée selwer, also de Choix vun där Destinée, eemol ze maachen, an dat kënnt natierlech. Also dat ass bei mir komm, mat där Certitude, dass ech an där Fonctioun mech selwer konnt sinn."

No der 4ième geet et fir de Prënz an d’Schwäiz. Eng klassesch militäresch Formatioun kritt hie grad ewéi säi Papp a Grousspapp zu Sandhurst. Op der Uni studéiert hien a Groussbritannien, an der Schwäiz an a Frankräich international Politik, grad ewéi vill méi spéit zu London.

Seng ëffentlech Flichte kommen no a no bäi.

Den Ierfgroussherzog Guillaume am Joer 2000. | © picture-alliance/ dpa | DB Lola Velasco
Den Ierfgroussherzog Guillaume am Joer 2000. (Foto: picture-alliance/ dpa | DB Lola Velasco)

Am Joer 2000 parallel zum Trounwiessel tëscht dem Grand-Duc Jean a sengem Fils Henri, iwwerhëlt de Guillaume den offiziellen Titel vun Ierfgroussherzog. Eng weider Etapp ass de Staatsrot. Zënter 2005 ass hie Member vun der héijer Kierperschaft, mee wéinst der politescher Neutralitéit hëlt hie selwer keng Decisiounen. Et ass awer och do eng wichteg Etapp fir déi grouss national Dossiere kennenzeléieren.

Eng Monarchie, "déi um Terrain ass"

Déi nächst Etapp steet un: Déi vum Lieutenant Representant ass e weider Schratt a Richtung Trounwiessel. Eng Zäit fir Erfarungen ze sammelen, erkläert den Ierfgroussherzog Guillaume.

"Ech mengen, mir hunn déi Traditioun hei bei ons vun der Lieutenance, wat eng gutt Saach ass, well dat ass eng Zäit vun der Preparatioun, et ass eng Zäit vun der Organisatioun och. An ech muss soen, dass dat och ëmmer ganz appreciéiert ginn ass, och vum futur régent, fir sech gutt op déi Tâche ze preparéieren, déi him vu Joer zu Joer ëmmer méi no kënnt."

D‘Monarchie moderniséiere wier an den Ae vum Ierfgroussherzog Guillaume eng Saach vun Equiliber an Upassung.

"Also eng modern Monarchie ass op jidde Fall eng Monarchie, déi sech senger Zäit upasst. An ech mengen, dat ass eben och ze wëssen, wat d'Defie vu muer sinn. Ech kann Iech net soen, wéi d'Monarchie vu muer wäet ausgesinn, well d'Defie kenne mir zum gréissten Deel nach net."

Par contre muss eng modern Monarchie sech kënnen adaptéieren, esou den Ierfgroussherzog Guillaume. Fir hie wier eng modern Monarchie an éischter Linn awer och mënschlech an oppen.

"Dat heescht, déi op seng Landsleit duergeet, déi um Terrain ass. An dat ass eppes, wat mir och gefält. Dat entsprécht och menger Personalitéit. An ech mierken, datt dat och meng Roll ass."

De Conjoint vum Régnant huet ëmmer eng ganz wichteg Roll

Ee wichtegen Datum a sengem Liewen ass seng Hochzäit mat der belscher Comtesse Stéphanie de Lannoy, déi och Ierfgroussherzogin ass. An der Lëtzebuerger Verfassung ass d’Roll vun der Grand-Duchesse, oder éischter gesot dem Conjoint, guer net virgesinn. Wéi gesäit den Ierfgroussherzog Guillaume déi Fro?

"An enger Monarchie kann ee souwisou net vun der Net-Roll vun der Grande-Duchesse schwätzen. Mir si jo och zu Lëtzebuerg keng Insel. A wann ee kuckt e bësse ronderëm, huet de Conjoint vum Régnant ëmmer eng ganz grouss a ganz wichteg Roll ze spillen. An ech mengen, dat ass och bei ons esou."

Den Ierfgroussherzog Guillaume a seng Fra, d'Stephanie de Lannoy, am September bei der Poopstvisitt. | © MGD / Kary Bathelmey
Den Ierfgroussherzog Guillaume a seng Fra, d'Stephanie de Lannoy, am September bei der Poopstvisitt. (Foto: MGD / Kary Bathelmey)

Seng Fra géing sech zum Beispill vill als Ambassadrice an der Kultur asetzen, an och fir deene Leit, deenen et manner gutt geet, entgéint ze kommen. Sou eng Representatiounsroll géing och erwaart ginn, sou nach den Ierfgroussherzog Guillaume.

Lauschterenplay_arrow