Den Ugeklote géif sech eegenen Aussoen no fir seng deemoleg Ideologie schummen an hätt sech een neit Liewen opgebaut, esou den Ugekloten. Weider koum och de leschten Enquêteur zu Wuert: Seng Aussoe werfen Zweifel op, ob den Ugekloten zënter senger Verhaftung tatsächlech e Wandel a sengen Ideologien huet.
Verbindungen zu engem Online-Shop
En eescht gemengten Ideologiewandel vum presuméierten Öko-Faschist wier den Enquêteuren no ze bezweifelen. Et hätt een den 23 Joer ale Schweed och nach no senger Festnam mat engem Online-Shop kënnen a Verbindung setzen, op deem ënner anerem Postere verkaf goufe mat gewaltverherrlechende Messagen am Bezuch zu der Attack vum 11. September 2001.
Um Site hätt ee Fotoe fonnt, op där d'Besëtzer vun deem Online-Shop drop sinn. D'Gesiichter sinn zwar net visibel, mee d'Enquêteure mengen den Ugekloten un de Pigmentflecken um Aarm a senger Auer erëm ze erkennen. Ënner zwee neien Usernames hätt den Ugekloten och no senger Zäit an Untersuchungshaft faschistesche Contenu online gesat.
D'Nazi-Ideologie an de Kontakt zu Gläichgesënnten hätten him zu deem Zäitpunkt wuel d'Gefill vu sozialem Halt an Ënnerstëtzung ginn, esou den Ugekloten.
Presenz vu schweedesche Frëndeskrees wërft Froen op
Hautdesdaags géif den Ugekloten sech eegenen Aussoen no éischter als konservativ kategoriséieren. Hie géif sech fir säin deemolegt Verhale schummen a géif agesinn, wéi wäit hien a senger Radikaliséierung dra war. Hie wier och an e puer Therapie-Seancë gewiescht.
Mëttlerweil hätt hie sech e ganzt neit Liewen a Schweden opgebaut. Do hätt hie säin zweet Joer als Chimiestudent ofgeschloss, och scho geschafft, an en neie Frëndeskrees opgebaut. Hien hätt elo ze vill ze verléiere fir erëm a seng al Musteren ze falen, esou nach den Ugekloten.
D'Presenz vu sengem schweedesche Frëndeskrees um Geriicht wërft awer Froen op. Ënner deene Kolleege war nämlech och eng Persoun, déi mat him a Schwede viru Geriicht stoung wéinst Brandstëftung vun enger Näerzfarm. E Kolleeg mat änleche faschisteschen Usiichten. D'Brandstëftung hat déi ökofaschistesch Grupp Green Brigade als Terroraktioun revendiquéiert.
Urteel fält um Donneschdeg
Weider huet den Ugekloten zouginn, Sprengstoff doheem fabrizéiert ze hunn an de faschisteschen Terrorgruppen The Base a Green Brigade fräiwëlleg bäigetrueden ze sinn. Hien huet och zouginn, datt zum Zäitpunkt vu senger Festnam e Risiko bestanen hätt, datt et zu engem Attentat kéint kommen. De Parquet wäert haut um Donneschdeg viru Geriicht verroden, wéi e Strofmooss e fir den Ugeklote fuerdert.