Betraff wieren d’Informatikssystemer vun engem Sous-traitant deen zoustänneg ass fir d’Internetplattform vun de Sportswette www.loteriesport.lu a Stand ze halen.
Bei der Analyse koum eraus, datt Donnéeën ewéi Nimm, Adressen, mee och Telefonsnummeren a Bankkonte betraff wieren. All concernéiert Persoun gëtt entspriechend informéiert.
D’Loterie Nationale präziséiert, datt keng Donnéeën ewéi Passwierder oder Bankkaarte geklaut gi wieren.
Deen Incident géif just d’Sportswette concernéieren an net de Site Loterie.lu.
Fir méi Informatioune kann een d’Loterie Nationale direkt kontaktéieren iwwer Mail support@loterie.lu oder iwwer Telefon 22 57 58 551.