arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ IPC hieft Suspendéierung vu russeschen a belarusseschen Athleten op

Paralympesche Comité

|
headphones

1 min

IPC hieft Suspendéierung vu russeschen a belarusseschen Athleten op

Den Internationale Paralympesche Comité huet decidéiert déi deelweis Suspendéierung vu Russland a Belarus opzehiewen. Domat soll et de russeschen a belarusseschen Athtleeten an Athleetinne méiglech sinn, ënner hirem Fändel bei de Wanterspiller zu Mailand-Cortina d‘nächst Joer matzemaachen.

headphones

1 min

© EPA/ALESSANDRO DI MEO
(Foto: EPA/ALESSANDRO DI MEO)

Allerdéngs ënnerläit de Programm vun de Spiller sechs internationale Sportverbänn, déi weiderhi russesch a belarussesch Sportler:inne suspendéieren. A kengem vun dëse Verbänn kënne si eng Lizenz kréien, déi awer Viraussetzung ass, fir bei de Paralympesche Spiller matzemaachen.

Virun enger Woch huet den Internationalen Olympesche Comité decidéiert, datt russesch a belarussesch Sportler ënner strengen Oplagen an neutralem Fändel bei den Olympesche Wanterspiller nächst Joer dierfe matmaachen.

Zënter dem Amarsch vu Russland an d'Ukrain ware Russland a Belarus deelweis vun de Spiller suspendéiert.