arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ IP-Adresse späicheren: Online-Verbriecher fänken op Käschte vun der Privatsphär?

Däitschland

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

IP-Adresse späicheren: Online-Verbriecher fänken op Käschte vun der Privatsphär?

Déi däitsch Regierung wëllt géint Internet-Kriminalitéit virgoen a plangt dofir, datt Internetubidder an Zukunft eng Rëtsch Donnéeë solle kënne späicheren. Géigner vum Gesetzesprojet kritiséieren, datt d'Grondrechter vun der Populatioun op d'Spill gesat ginn. 

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance / Uli Deck/dpa | Uli Deck
(Foto: picture alliance / Uli Deck/dpa | Uli Deck)

D’Gesetzespropos vun der Justizministesch Stefanie Hubig gesäit vir, datt Internet-Provider zum Beispill IP-Adresse wärend 3 Méint kënne späicheren. Dat wieren heefeg déi eenzeg Spueren, déi Krimineller am Internet géifen hannerloossen, sot d’SPD-Politikerin der BILD am Sonntag.

Egal, ob et ëm Bedruch, Kannerpornographie oder Haass am Internet géif goen: D'Auteure vu Verbriechen am Netz géifen ze dacks dovukommen. Dat soll mat deem geplangte Gesetz änneren.

Zum Deel am Koalitiounsaccord festgehalen

Internetubidder kéinten dann novollzéien, wéi een Internetuschloss zu engem bestëmmten Zäitpunkt enger bestëmmter IP-Adress zougewise war. Dat géif den Ermëttler hëllefen, Réckschlëss op d’Léit hanner engem Verbriechen ze schléissen.

D’Bundesregierung vun Unioun an SPD hat sech schonn an hirem Koalitiounsaccord op eng Sécherunge vu gewëssen Donnéeën am Internet gëeenegt. 

Masseniwwerwaachung am Internet?

D’Kritik un der sougenannter "Vorratsdatenspeicherung" ass awer grouss. Kritiker fäerten, datt de Staat domat méi einfach Leit an hirer Privatsphäre kann iwwerwaachen an domat hir Grondrechter blesséiert.

Zu de Kritiker gehéiert och d’Bundestagsfraktioun vum B90/Die Grünen. D’Regierung wéilt ouni Ursaach eng Masseniwwerwaachung am Internet.

Schonn an der Vergaangenheet gescheitert

An der Vergaangenheet gouf et an Däitschland schonn eng Kéier Tentative fir Donnéeën esou ze späicheren. Si goufe gréisstendeels wéinst juristesche Bedenken nees réckgängeg gemaach oder konnten net genotzt ginn.

D’Gesetzespropos vun der Justizministesch huet also nach e wäite Wee viru sech.

play_arrow Lauschteren