D'Kombinatioun vun hire Management- an hiren konschthistoresche Kompetenzen géifen hir op dësem neie Posten an d'Kaarte spillen, mengt d'Directrice vum Nationalmusée. Fir am Ganzen 120 Leit a 7 Sitten ze geréieren, wieren d'Management-Kompetenzen awer vu grousser Wichtegkeet.
Ausstellung iwwer Nelkenrevolutioun e groussen Erfolleg
E groussen Erfolleg fir den Nationalmusée war d'Ausstellung iwwer déi portugisesch Nelkenrevolution, déi bis an de Januar eran nach gelaf ass. Obwuel d'Thematik eng ganz spezifesch war, hätt een iwwer 3.400 Visiteuren ugezunn. Et wier iwwerdeems eng ganz emotional Ausstellung, well d'Leit och hir eege Geschichte mat an d'Ausstellung bruecht hätten, sou d'Tania Brugnoni.
Neie Public duerch Digitaliséierung
Si wéilt als nei Directrice och neie Public erreechen an dem Elitismus vun der Konschtszen entgéint ze wierken. De Virwëlz bei de Leit wier nämlech nach ëmmer do, grad wéi d'Loscht, Geschichten erzielt ze kréien. Duerch d'Digitaliséierung wier et méiglech, déi Geschichten och bei d'Leit heem ze bréngen a se domat an de Musée ze lackelen. Domat wéilt si dann och d'Hemmschwell, fir an e Musée ze goen, briechen.