Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ LSAP Gemengeforum kritiséiert geplangten Ännerung vum kommunale Finanzéierungsschlëssel

Gemengepolitik

LSAP Gemengeforum kritiséiert geplangten Ännerung vum kommunale Finanzéierungsschlëssel

Den LSAP Gemengeforum, eng Ënnerorganisatioun vun der sozialistescher Partei, kritiséiert déi geplangt Ännerung vum kommunale Finanzéierungsschlëssel. Déi Adaptatioun, déi den Inneminister Léon Gloden 2025 maache wëll, géif dozou féieren, datt just 4 Gemenge besser ewech kéimen.

auto_stories

2 min

headphones

13 min

Simone Asselborn-Bintz | © Jo Diseviscourt play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

Dës véier Gemenge wieren Ettelbréck, Dikrech, Ierpeldeng a Munneref, wärend 96 Gemengen an Zukunft manner Suen aus dem 'Fonds de dotation globale des communes' kréiche wéi bis elo.

"Mir vergonnen awer deene véier Gemengen dat. Ech well dat wierklech ganz kloer vun Ufank u soen. Och als Gemengeforum vun der LSAP ass et natierlech kloer, dass wa Gemengen eppes méi kréien, da solle si dat och kréien. Mee et däerfen net aner Gemenge manner kréien."

"Et däerf kee verléieren"

Et wieren awer ze vill industriell Südgemengen, déi wierklech ëm déi 100.000 Euro (Esch souguer 250.000 Euro) manner kréichen, bedauert d'Simone Asselborn-Bintz. Dat wier awer net näischt.

"Wann ech elo richteg verstan hunn, wat de Minister Gloden gesot huet, da wëll hie mam Finanzminister Roth schwätzen, fir dass ee vläicht en Drëttel kéint kompenséieren. Mee en Drëttel, dat ass nach net alles. Mir sinn der Meenung, dass do d'Regierung muss méi Suen an d'Hand huelen, fir dat ze kompenséieren. Et däerf kee verléieren."

An hirer Qualitéit als Suessemer Buergermeeschtesch sot d’Simone Asselborn-Bintz am Interview och nach, dass hir Gemeng decidéiert hätt, kee Recours méi géint den Tracé vum Käerjenger Contournement ze maachen.

Lauschterenplay_arrow