Et hänken Ecranen op der Wand mat enger globaler Siicht vum Findel an de Landepisten. Am Ënnerscheed mam Kontrolltuerm vu bis elo hätten d’Fluchlotsen esouwuel eng Vue op d’Pisten, ewéi och eng digital Vue vum ganze Findel, Dat mat der Méiglechkeet erunzezoomen oder eng besser Resolutioun ze hu bei schlechtem Wieder, an der Nuecht oder bei Sonnenënnergang. Do riskéieren d'Fluchlotsen verblennt ze ginn, erkläert d'Ministesch Yuriko Backes.
"Dofir nenne mer dat Hybriden Tower. Dat heiten ass eng Statioun, wou mer de Leit och dee Métier kënne méi nobréngen, wat et heescht, wa mir eis digitaliséieren, och de Métier vum Fluchlootsen de Leit e bësse méi nozebréngen, well dat ass en essenzielle Métier fir d'Fluchsécherheet."
Bis 2032 gëllt et, d’Ekippe vun de Fluchlotsen op déi nei Technologien ze forméieren. Un Hand vun enger Maquette ginn déi éischt Ausbildunge gemaach.
Ëmsetzung an dräi Phasen
Dee ganze Projet gëtt an dräi Phasen ëmgesat, erkläert den Andrea Drescher, Direkter vun der ANA.
An enger éischter Phas géifen d'Ekippe mat den neien Technologië vertraut gemaach ginn.
"Déi zweet Phas, dat ass d'Ëmsetzung vun dësen Technologien an e virtuelle Contagence-Tuerm. Falls iergendeppes um Haapttuerm passéiert, dee kann dann d'Fluchsécherung iwwerhuelen an aus enger anerer Lokalisatioun kann een dann de Fluchverkéier nach weider ofsécheren."
An enger drëtter Phas géifen déi digital an déi klassesch Saache matenee verbonne ginn.
Wat d’Cybersécherheet ugeet, hätt een decidéiert, dee ganze Programm an engem geschlossene System ze behalen, also ouni direkt Verbindung zum Internet.
Wa Lëtzebuerg deen hybride Kontrolltuerm bis realiséiert huet, da wier een als mëttelgrousse Flughafen ee vun den éischten an Europa, deen esou géif funktionéieren.