Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Humanitär Hëllef gëtt blockéiert: Israel steet an der Kritik

Krich am Noen Osten

Humanitär Hëllef gëtt blockéiert: Israel steet an der Kritik

D'Vereenten Natiounen an e puer arabesch Länner verurteelen de Blockage vun Israel fir humanitär Hëllef an d'Gazasträif eran ze loossen. Dat géif géint de Waffestëllstand-Accord verstoussen, soten Ägypten a Katar. Den UNO-Generalsekretär fuerdert, datt d'Hëllefsliwwerungen an d'Gazasträif missten direkt weidergoen.

auto_stories

1 min

© Majdi Fati /Nur Photo / picture alliance
(Foto: Majdi Fati /Nur Photo / picture alliance)

Israel huet déi nom Oflaf vun der éischter Phas vun der Waffepaus gestoppt, an déi islamistesch Terrororganisatioun Hamas domat ënner Drock gesat. D'Hamas géif refuséiere fir eng Verlängerung vun der éischter Phas bis an den nächste Mount ze akzeptéieren. Dat sot den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu.

D'Hamas huet hirersäits den Importstopp als "skrupellos Erpressung" an als "Krichsverbrieche" verurteelt.

D'Fräiloossung vun de Geisele wier nëmme mat engem direkten Iwwergang zu der zweeter Phas vum Accord méiglech, esou d'Hamas. Déi gesäit ee permanent Enn vum Krich an der Gazasträif vir.