arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Hotel mat Asyldemandeure bei London muss geraumt ginn

Geriichtsurteel

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Hotel mat Asyldemandeure bei London muss geraumt ginn

Ee Geriicht a Groussbritannien huet elo entscheet, datt Asyldemandeuren aus engem Hotel zu Epping bei London, wou si ënnerbruecht waren, erausgeholl musse ginn. Een Urteel, dat d‘Regierung elo ënner Drock setzt.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Zu Epping virum Bell Hotel sinn d'Tensiounen héich. Do protestéieren nämlech scho wochelaang dausende vu Leit, nodeems engem Migrant virgeworf gouf, ee Meedche sexuell belästegt zu hunn. 

Et sinn och reegelméisseg Geigeprotester organiséiert, a schonn ëfters koum et zu gewaltsamen Ausernanersetzungen. Den Ugeklote bestreit des Virwërf.

Rietspopuliste gräifen Urteel op

E Gericht huet elo der Gemeng Epping Recht ginn, déi argumentéiert huet, datt d‘Tensiounen an der Gemeng ze eskaléieren dreeën.

Den Nigel Farage, de Leader vun der rietspopulistescher Partei Reform UK, huet d'Urteel direkt opgegraff. Hien seet, datt déi 12 Gemengen, déi vu senger Partei kontrolléiert ginn, "alles an hirer Muecht" géife maachen, fir d'Approche vun Epping ze kopéieren.”

De britteschen Inneministère ass verflicht, Asyldemandeuren ënnerzebréngen, bis hir Demanden iwwerpréift sinn. An där ginn et ëmmer méi. D’lescht Joer gouf et ee Rekordjoer mat 110.000 Asylufroen, a méi wei 30.000 Leit sinn an Hotellen ënnerbruecht.

Weider Protester

Rietspopulisten hu lo dëse Weekend fir weider Protester am ganze Land opgeruff.

Bei de Walen d’lescht Joer huet Labour versprach, datt bis 2029 keng Hotelle méi benotzt solle ginn, fir Asyldemandeuren ënnerzebréngen. Haut sinn allerdéngs méi Asyldemandeuren an Hotellen ënnerbruecht wéi d’lescht Joer, wou de Keir Starmer säin Amt ugetrueden huet, dat hu rezent Donnéeë gewisen.

Vill Wieler hunn d‘Hoffnung verluer, datt déi grouss Parteien Zuel vun den Immigranten an Asyldemandeuren erofsetze kënnen. D‘Rietspopuliste vu Reform UK profitéieren dovun natierlech.

play_arrow Lauschteren