arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Hôpitaux Robert Schuman suspendéiere Chirurg

Onnéideg Operatiounen?

|
headphones

2 min

Hôpitaux Robert Schuman suspendéiere Chirurg

D‘Hôpitaux Robert Schuman hunn e Chirurg suspendéiert nodeems aner Dokteren aus dem CHL sech iwwer seng medezinesch Behandlunge beschwéiert hunn. Déi RTL-Informatioun krute mir vu verschiddene gutt informéierte Sourcë confirméiert.

headphones

2 min

Dokter | © Marcelo Leal / Unsplash
Dokter (Foto: Marcelo Leal / Unsplash)

De Generaldirekter vun den Hôpitaux Robert Schuman war a Kopie vun engem Bréif, deen d’Direktesch vum CHL den 9. Januar un de Collège médical geschéckt huet.

An deem Bréif kritt de Chirurg Feeler bei Operatioune virgeheit, respektiv och Leit operéiert ze hunn, ouni datt et néideg gewiescht wier. Et wier direkt eng intern kontradiktoresch Prozedur agelaut ginn, confirméiert den HRS-Spriecher Marc Glesener. Um Enn vun där Prozedur hätt um Dënschdegmëtteg eng Suspendéierung gestanen.

 “An deem Bréif maachen déi Dokteren opmierksam op angeeblech Faiten, déi geschitt solle sinn, déi den Dokter soll gemaach hunn. Si beschreiwen déi Faiten als onubruecht.”

Et wier direkt intern nogekuckt ginn op Plaintë géife virleien, esou den HRS-Spriecher. Deel vun där Prozedur wier och gewiescht mat der Vertriedung vun der Dokterschaft ze schwätzen. De Conseil médical vun den HRS wier also virun der Decisioun vun der Suspendéierung consultéiert ginn, esou de Marc Glesener am 100,7-Interview.

De concernéierte Chirurg ze suspendéiere wier keng einfach Decisioun gewiescht, dat well e Spidol esouwuel fir de Patient ma och fir den Dokter eng sécher Plaz misst sinn. D’Spidol hätt allerdéngs eng Verantwortung vis à vis vu senge Patienten.

Wéi et elo géif weider goen, dat géif beim Gesondheetsministère leien, esou nach de Marc Glesener.

“De Ball läit elo ganz kloer beim Collège médical an dem Gesondheetsministère.”

Gesondheetsministère kéint theoretesch engem Dokter d'Autorisatioun entzéien

D’CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez huet eis confirméiert, datt och hire Ministère mam Fall befaasst ass.

Verschidde Faite wieren un de Ministère erugedroe ginn. Déi géifen opgrond vum gesetzleche Kader analyséiert ginn.

De Gesondheetsministère kann engem Dokter temporär d’Autorisatioun entzéie fir ze praktizéieren, wann et eng Gefor fir d’Patiente gëtt. Dat ka just op Avis vum Collège Médical geschéien. 

Wéi RTL mellt soll de Gesondheetsministère de concernéierte Chirurg haut um Mëttwoch gesinn.

Bis de Fall gekläert ass, gëllt d’Présomption d’innocence.