arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Hôpitaux Robert Schuman: 10.000 méi Passagen an den Urgencen

Spidolssecteur

|
reading time

1 min

Hôpitaux Robert Schuman: 10.000 méi Passagen an den Urgencen

D’Hôpitaux Robert Schuman hunn um Mëttwochmoien hire Joresbilan presentéiert. Dobäi stécht eng Hausse vun den Urgence-Passagë bei den Erwuessener eraus – ronn 10.000 Passage méi wéi dat Joer virdrun. Bei de Kanner ass et eng Hausse vu ronn 800 Passagen. 

 

reading time

1 min

© Cstock / Bigstock
(Foto: Cstock / Bigstock)

Generell kann een an deene meeschte Felder liicht Haussë gesinn, wéi bei den ambulante Behandlungen (+137), Hospitalisatiounen (+1183) a bei den Operatiounen (+1281). An och d’Zuel vun de Kanner, déi op d’Welt koum sinn, ass ëm 166 Fäll geklommen. 

2024 goufe 26.449 IRMen gemaach, dat ass e Plus vun 1.365. 

Liicht manner Hospitalisatioune gouf et dann am Beräich vun der Psychiatrie (-58). 

Erofgaangen ass déi duerchschnëttlech Zäit vum Sejour am Spidol vun 7,0 op 6,8 Deeg. 

De ganze Rapport fir nozeliese fannt Dir hei.