arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Honnertdausende Palästinenser ginn zeréck an den Norde vun der Gazasträif

Wafferou Noen Osten

|
headphones

1 min

Honnertdausende Palästinenser ginn zeréck an den Norde vun der Gazasträif

Iwwer eng hallef Millioun Palästinenser wieren zënter dem Akraafttriede vum Waffestëllstand am Gazakrich virun bësse méi wéi zwee Deeg antëschent erëm zeréck heem an den Norde gaangen. Dat mellt den Zivilschutz.

headphones

1 min

© EPA/MOHAMMED SABER
(Foto: EPA/MOHAMMED SABER)

Mam Akraafttriede vun der Wafferou huet d‘Hamas maximal 72 Stonnen Zäit kritt, fir déi rechtlech 48 Geisele fräizeloossen. Et sollen der nach 20 dovunner liewen.

Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu sot, hie géif hoffen, datt hir Fräiloossung spéitstens um Méindegowend ufänkt. Am Géigenzuch soll Israel ronn 2.000 palästinensesch Gefaangener fräiloossen. 

Am US-Friddensplang ass och eng Entwaffnung vun der Hamas virgesinn. Dat kéim awer net a Fro, esou gëschter um Samschdeg e Responsabele vun der Terrororganisatioun géintiwwer der franséischer Presseagence.

Sommet zu Scharm El-Scheich

Zu Scharm El-Scheich an Ägypten ass iwwerdeems een internationale Sommet mam US-President Donald Trump geplangt. Dat mellt den ägypteschen Ausseministère, ouni awer een Datum ze nennen.

Den Donald Trump huet ugekënnegt, datt hien haut um Sonndeg an Ägypten an an Israel wëllt reesen. De Sommet soll vun him a vum ägyptesche President Abdel Fattah al-Sisi geleet ginn.

Et gëtt erwaart, datt och den däitsche Bundeskanzler Friederich Merz drun Deel soll huelen. Eng offiziell Confirmatioun gëtt et awer nach net.