arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Honnertdausende Mënsche sinn an Israel op d'Strooss gaangen

Protester géint de Krich

|
headphones

1 min

Honnertdausende Mënsche sinn an Israel op d'Strooss gaangen

An Israel hu gëschter um Sonndeg landeswäit honnertdausende Mënsche fir een Enn vum Krich an der Gazasträif a fir d’Fräiloosse vun de Geiselen demonstréiert. D'Manifestanten hu wichteg Verkéiersachse blockéiert an hu plazeweis Bränn ausgeléist.

headphones

1 min

Den israeelesche Regierungschef Benjamin Netanjahu huet den Demonstrante reprochéiert mat deem Protest d'Hamas ze stäerken.

Der Police no goufen iwwer 30 Demonstrante festgeholl. Zu Jerusalem an zu Tel Aviv si vill Geschäfter zoubliwwen.

Den israeelesche Premier huet de Plang vun der Regierung d'Gazasträif ganz ze besetzen, weider verteidegt. De Plang géif nach emol iwwerpréift an dann ëmgesat ginn. Virun der geplangter Erweiderung vum Gaza-Krich géif Israel d'Ëmsidlung vu Palästinenser preparéieren.