Am Ganze krut "One Battle After Another" sechs Oscaren, dorënner dee fir de beschte Regisseur, de Paul Thomas Anderson.
De Präis fir de beschten Haaptduersteller goung un de Michael B. Jordan fir säin Duebel-Optrëtt a "Blood and Sinners".
Den Oscar fir déi beschten Haaptduerstellerin krut d‘Jessie Buckley fir hir Roll am Film "Hamnet". Als bescht Niewenduersteller goufen de Sean Penn an d‘Amy Madigan ausgezeechent.
De Film „Deux Personnes échangeant de la Salive“, an deem déi Lëtzebuerger Actrice Vicky Krieps als Erzielerin optrëtt, ass als beschte Kuerzfilm ausgezeechent ginn.